Frëscht Uebst konservéieren

29.06.2018 - 17:10

© Pixabay
Et ass Kiischten Zäit. D'Beem hänke voll vun der däischter rouder Fruucht. Méi wéi ee frësch iesse kann. Eng gutt Optioun fir se net faulen ze loossen, ass d'Uebst anzefréieren oder anzemaachen. Wéi dat geet? D'Raphaëlle Dickes mat e puer Tipps vum Alain Hostert, Kach Prof aus der Hotelsschoul.
Reportage: afréieren, amaaachen, dréchnen