Firwat sou wéineg Uebst a Geméis Ubau zu Lëtzebuerg?

27.06.2018 - 17:10

© Pixabay
Lokal a saisonal consomméieren - kléngt jo schéin a gutt. Allerdéngs ass et streng geholl iwwerhaapt net machbar. Net just, datt nach laang net alles wat mer eis ugewinnt hunn an der Kichen ze verschaffen, net zu Lëtzebuerg wiisst. Ma et gëtt bäi wäitem net genuch hei ugebaut fir eis all. Just 1% vum Uebst dat zu Lëtzebuerg kaf gëtt, kënnt och vun hei. Beim Geméis leie mer bei 5%. Firwat ass dat esou a mécht et Sënn datt sech dorunner eppes ännert?
Reportage

Vun 131.000 Hektar Landwirtschaftleche Flächen am Land sinn 2015 570 Hektar fir Gromperen, 163 Hektar Bongerten a souguer nëmmen 102 Hektar fir Gaardebau genotzt ginn. Op 90% vum Aker gëtt Fudder a Kar ugebaut. De Réckgang vum lokalen Uebst a Geméis Ubau huet Mëtt vum leschte Jorhonnert ugefaangen, erkläert de François Kraus vun der Asta aus dem Landwirtschaftsministère

François Kraus 1



D'Konkurrenz aus den aneren EU Länner huet d'Situatioun net verbessert. Et ass schwéier et mat Noperen opzehuelen, déi méi bëlleg produzéieren, bessere Buedem oder méi gënschteg Klima Konditiounen hunn.

François Kraus 2



Ausserdeem sinn Uebst a Geméis och nach vill méi Wieder ufälleg. Och wann et haut verschidden Assurance ginn, déi Verloschter deels couvréieren, ass et trotzdem keen einfacht Geschäft. Produkter déi fir de Supermarché net schéi genuch sinn, ginn d'Baueren hei am Land nëmme schwéier lass.

François Kraus 3



Esou munch gudde Grond fir eis Baueren, et dach einfach mol sinn ze loossen. Déi gutt Nouvelle: och wann haut nach ëmmer wéineg Uebst a Geméis ugebaut gëtt, sou weist d'Tendenz awer erop. D'Fläche fir den Uebst Ubau hu sech zanter 1990 bal verdräifacht, fir d'Geméis ginn der souguer 5x méi genotzt. Besonnesch fir Betriber déi net méi vill Land hunn a sech dowéinst net konkurrenzfäeg weider entwéckele kënnen, wär et eng interessant Alternativ, seet de François Kraus.

François Kraus 4



D'Bewosstsënn fir lokal Produkter ze kafen ass nämlech am gaang ze wuessen. Haut sinn eng Rei Cliente bereet méi ze bezuele fir frësch Wueren, déi keng laang Transportweeër hannert sech hunn. Eng ganz Rei Labele promouvéieren d'Produite vun hei.

François Kraus 5



De Marché vun den Äppel zum Beispill wär schonn zimlech gutt besat. Mee dofir sollt ee sech berdode loossen. An esou e landwirtschaftleche Beroder dee gëtt et zanter zwee Joer. Grad esou wéi Primen a Subsiden an aner Incentives fir nees méi Uebst a Geméisproduzenten am Land ze hunn. 

François Kraus 6



Schlussendlech mécht och dem Konsument säi Verhalen en Ënnerscheed. Déi eng Saach ass d'Bereetschaft dee bësse méi héije Präis fir Lëtzebuerger Wueren ze bezuelen. Eng aner ass et och aktiv an de Butteker a Restauranten no dëse Lëtzebuerger Uebst a Geméis ze froen an op dës Manéier Drock ze maachen. Onofhängeg vun auslännesche Wuere gi mer dofir nach laang net. Mee mir ënnerstëtzen eis Landwirten, kréie frësch Wueren a schounen d'Ëmwelt. Ganz dovunner ofgesinn, dass Gaardebau a besonnesch d'Bongerten eiser Landschaft gutt zu Gesiicht stinn.