Eng 100 Sekonne Geschicht: Huel-e-Bier-an-den-Aarm Dag

07.11.2018 - 06:10

© pixabay.com
Net jiddereen huet e Bier, awer vill Leit hunn en Teddy. Ass grad sou gutt, well fir e richtege Bier an den Aarm ze huelen, schéngt dach richteg geféierlech ze dinn.
07/11/2018 Eng 100 Sekonne Geschicht: Huel.e-Bier-an-den-Aarm Dag

Also eent ass sécher; den Numm "Huel-e-Bier-an-den-Aarm Dag" irritéiert schonn e bëssen. Entweder et ass ee couragéiert an et leeft een an de Beetebuerger Park e Wäschbier knuddelen, am Eifel-Zoo ginn et bestëmmt nach méi grouss Exemplairen, oder et kroopt ee sech einfach mol e Petzi, a Form vun engem Bier natierlech, vum Nowuess. Ëmmerhinn ass haut den "Huel-e-Bier-an-den-Aarm Dag". Firwat et deen Dag iwwerhaapt gëtt ass déi aner Saach, passt awer an de selwechte Katalog vu Froe wéi "Firwat ass den Trump President?" oder "Firwat kënne Mënschen net fléien?". Eng richteg Äntwert gëtt et net. Ma firwat sech net e bësse mam Déier u sech ausernee setzen? Kee Problem. D'Bieren sinn eng Mamendéierefamill aus der Uerdnung vun de Raubdéieren. Nieft de Klengbieren ginn et och d'Groussbieren do och mol ënnert dem Numm Richteg Bieren gelëscht ginn. Sou e Bier gesäit normalerweis ëmmer d'selwecht aus, zolitte Kierper, grousse Kapp, kleng An, ronn Oueren a kuerz duerfir awer kräfteg Äerm, respektiv Been. D'Schnëss ass meeschtens laang an zielt zwësche 40 an 42 Zänn, un de Féiss ginn et 5 Zéiwe mat Krallen déi net agezu kënne ginn a bei de meeschte Biere sinn op de Fousssuelen Hoer, Bieren déi awer vill klotere wéi de Malaiebier, hu plakeg Suelen. Firwat et iwwerhaapt een oder eppes an den Aarm huelen? Well et eng nonverbal Kommunikatioun ass a Léift oder Frëndschaft ausdréckt. Dacks hëlt ee sech och an den Aarm fir Unerkennung, Ënnerstëtzung oder Trouscht ze weisen. Domat wier dann elo alles fir den "Huel-e-Bier-an-den-Aarm Dag" gekläert.