Eng 100 Sekonne Geschicht: Harry Potter

08.11.2018 - 06:10

© Carlsen
Haut viru genee 15 Joer kënnt déi däitsch Iwwersetzung vun Harry Potter & The Order Of The Phoenix offiziell eraus.
08/11/2018 Eng 100 Sekonne Geschicht: Harry Potter

Déi 5. Geschicht vum Joanne K. Rowling ronderëm de jonken Zauberer vun Hogwarts konnt awer scho mat der original Versioun e Rekord an Däitschland opstellen. D'Buch op englesch war nämlech schonn den 21. Juni 2003 op de Marché komm an huet sech och bei eisen däitschen Noperen esou gutt verkaf datt et fir déi éischt Plaz vun der Bestsellerlëscht duergaangen ass, dat hat nach keen anert Buch virdrun an Däitschland fäerdegbruecht. 15 Joer méi spéit gëtt geschat datt sech dee 5. Harry Potter-Roman weltwäit iwwer 55 Millioune mol verkaf huet. D'Buch ass an der original Versioun 766 Säiten déck, wien et op däitsch gelies huet hat mat 276 Säite méi ze kämpfen. An och wie sech d'Geschicht virliese wollt, huet misse vill Zäit matbréngen; d'Hörbuch huet 27 CDe Plaz gebraucht. Wat geschitt scho méi bei Harry Potter und der Orden des Phönix? Nom Retour vum Voldemort huet de Professer Dumbledore erëm den Uerde vum Phönix an d'Liewe geruff, eng Geheimorganisatioun déi de Voldemort an déi sougenannt Todesser ze bekämpfen. Den Zauberministère ënnerstellt dem Dumbledore awer hien hätt de Retour vum Voldemore erfonnt an iwwerhëlt d'Muecht fir sech och deementspriechend vill zu Hogwarts anzemëschen.