Lecture vun heiheem: "Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen" Elise Schmit

09.01.2019 - 14:15

2017 gouf d'Elise Schmit am Literaturconcours fir hir Kuerzgeschichtesammlung "Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen" ausgezeechent, elo läit den Erzielband och a Buchform vir. D'Bea Kneip stellt Iech e vir.
09/01/2019 Lecture vun heiheem: "Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen"
.

Als Kritikerin huet sech d'Elise Schmit scho laang en Numm gemaach. Och als Autorin huet se hiert Talent ëmmer nees ënner Beweis gestallt, a konnt schonn zweemol en éischte Präis beim nationale Literaturconcours gewannen. Fir hir Kuerzgeschichtesammlung "Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen" krut si 2017 den drëtte Präis an huet elo endlech dëse Band och publizéiert. D'Thema vum "falen" gëtt hei op ganz verschidde Manéieren opgegraff, sief am physesche Sënn "vun enzwousch eroffalen" oder am iwwerdroene Sënn.

D'Falen ass awer net onbedéngt ëmmer eppes negatives. Wie fält, steet meeschtens och nees op, fänkt nach eng Kéier un, orientéiert sech nei. Dat ass net ëmmer esou, awer dach dacks genuch fir d'Hoffnung net ze verléieren. Sou geet et och de Personnagen aus deene 6 Kuerzgeschichten déi fir dëse Band erausgesicht goufen. Fir si ka fale bedeiten, hir Illusiounen ze verléieren, wéi dat dem Helena geschitt, dat no 25 Joer op de Spure vu senger Jugendléift ënnerwee ass. Oder aus der Gesellschaft erausfalen, sech isoléieren, net méi derzougehéieren, fräiwëlleg oder onfräiwëlleg. Et ka bedeiten, sech en Dram net z'erfëllen, eng Geleeënheet net z'ergräifen, et gi vill Manéieren fir ze falen. Ein Stern, Ikarus, Apollo 13, die Niagarafälle, ein Stein vom Herzen oder zwei kaiserliche Statthalter und ein Kanzleisekretär aus einem Prager Fenster. Als Intro souzesoen huet d'Elise Schmit eng Lëscht vu verschiddene "Fäll" virun hir Geschichte gesat.

Verschidden Texter goufe scho viru Jore geschriwwen, anerer si méi rezent. Wat se all gemeinsam hunn, ass dass se grëndlech verschafft an iwwerschafft goufen, d'Autorin huet näischt dem Zoufall iwwerlooss. Och wann d'Thema vum Falen sech wéi e roude Fuedem duerch déi 6 Geschichten zitt, sinn d'Thematiken dach ganz verschidden. An "Letztes Haus vor dem Meer" kann een dat Wuert "Sturz" ganz wiertlech huelen, an "Im Zug" ass et eng Enttäuschung an der Léift déi de Protagonist dozou dreift fir sech falen ze loossen, sech ze isoléieren, an dat matzendran am ëffentleche Raum. All Geschicht ass eng kleng Entdeckungsrees, an et wënscht een sech méi vun der Elise Schmit ze liesen ze kréien. Et ass och esou munches an der Maach, Projeteeën fir den Theater an eventuell och fir e Roman
Dat wäert wuel nach e bëssen daueren, mä bis dohin kann ech Iech "Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen" nëmme wäermstens un d'Häerz leeën.  
"Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen" vun der Elise Schmit ass bei Hydre éditions erauskomm