CES: Nei Technik zu Las Vegas

08.01.2019 - 08:40

© afp
Fir d'Geeks an d'Nerds ass et den éischte grousse Rendezvous vum Joer. Zu Las Vegas ass vun haut a bis e Freiden nach mat d'Consumer Electronics Show, eng riseg Foire op där een d'Nouveautéiten a Saache Computer, Tëlee, Smartphone etc presentéiert kritt.
08/01/2019 CES: Nei Technik zu Las Vegas

Hei e puer Saachen déi am Laf vun de leschte Joer zu Las Vegas presentéiert goufen..... 2001 X Box vu Microsoft, 2004 de Blu-Ray-Disc, 2010 Blu-Ray-3D, 2011 connectéiert Tëlee, 2012 Oled Technologie, 2014 Smartwatch a déi gebéiten Televisiounen an d'lescht Joer déi éischt Micro-Led Tëlee vu Samsung....

Wat ass dëst Joer z'erwaarden?

Wahrscheinlech erëm vill Saachen déi kee Mënsch brauch oder och nëmmen eng Visioun bleiwen.... Trotzdeem si schonn e puer Saachen duerchgesickert déi een zu Las Vegas bewonnere kann..... LG, steet fir Life's Good.... huet e grousse Stand a presentéiert eng Tëlee déi ee wéi eng Leinwand zesummerulle kann..... D'Këscht an där d'Tëlee da verstoppt ass, ass eng sougenannt Sound-Bar.... déi selwecht Firma weist dann och HomeBrew, eng Maschinn fir Béier ze brauen... Funktionéiert anscheinend wéi eng Kaffismaschinn mat Kapselen.

And then?

Audi ass och zu Las Vegas vertrueden, net direkt mat engem Auto, mä mat engem Enterainment-System fir AM Auto.... De Passagéier hanne soll mat der Hëllef vun der Start-Up Holoride an déi virtuell Welt andauchen.... Ee virtuelle Brëll soll mam Auto verbonne sinn, sou datt sech de virtuellen Inhalt un d'Beweegung vum Auto upasst...

Harley-Davidson hat et fir dëst Joer ugekënnegt; zu Las Vegas steet se dann, d'LiveWire.... Dat éischt Elektro-Motorrad vun der legendärer Mark.... Fir 26.000 Euro kann een anscheinend 177 Kilometer wäit fueren a vun 0 op 100 an 3,5 Sekonne acceleréieren.

And then?

Grousse Fokus läit och déi Kéier erëm op de sougenannte Wearables..... wëllt heesche kleng Computeren déi een undoe kann..... wéi e Fitness-Tracker oder déi berühmt Vr-Brëller....... D'Firma Vuzix presentéiert op der CES hire Modell Blade.... Dee Brëll setzt op A.R. also Augmented Reality, deemno e Schrëtt méi wäit wéi Virtual Reality..... Withings, eng Firma déi ënner anerem Fitness-Tracker, connectéiert Woen, Thermometer an Apparater fir de Bluttdrock ze huelen, spezialiséiert ass, presentéiert mat Move eng nei Auer fir seng Schrëtt ze zielen. Deen décke Modell huet dann awer eng EKG-Funktioun, sou wéi Apple dat mat hirer Watch 4 Enn d'lescht Joer virgestallt huet... Déi iwwerwaacht d'Häerz, soll awer eréischt Mëtt vum Joer erauskommen awer nëmmen 130 Euro kaschten, also däitlech méi bëlleg wéi d'Apple Watch....

Apropos Apple....

Déi sinn, wéi d'Traditioun et wëllt, NET zu Las Vegas op der CES, et gëtt awer gemunkelt wéi wann um nächsten iPhone eng 4fach Kamera drop wier....  A wéi ACER ass awer ënnert den Aussteller ..... an déi weisen op hirem Stand ënner anerem d'Notebook Swift 7...... Mol keen Zentimeter déck a manner wéi e Kilo schwéier...... ASUS sinn och do... e bësse méi kräfteg Laptopen hunn déi dobäi... zum Beispill eng 17 Zoll grouss Maschinn mat engem Intel i9 Prozesser an eng zimlech fett Grafikskaart.... Eppes fir d'Gamer.... An.... Kitchenaid sinn och do a stellen e smarten Touchscreen vir..... Den 10 Zoll Display ass waasserdicht, soll an der Kiche bei Rezepter hëllefen an dierft tëscht 2 an 300 Dollar kaschten.