90 Joer Tintin

10.01.2019 - 14:45

© Hergé/Moulinsart 2019
Ee vun deenen éischte Bande Dessinées Personnagen iwwerhaapt, an nach ëmmer ee vun deene populäersten, kritt haut 90 Joer. Den 10. Januar 1929 hat den Tintin säin éischten Optrëtt an der Zeitung "Le petit vingtième".
10/01/2019 90 Joer Tintin

Et war deen éischten Optrëtt vum Reporter an der Aventure "Tintin au Pays des Soviets", zanterhier hunn d'Albume vum Tintin sech méi ewéi 250 Millioune mol weltwäit verkaf, seng Geschichte sinn an 120 verschidde Sproochen an Dialekter iwwersat ginn.

Dobäi huet beim éischten Album nach näischt drop higedeit, datt dat eng Kéier esou ee Succès géif ginn, well déi dräi éischt Tintin Aventuren, Tintin au Pays des Soviets, Tintin en Amérique an Tintin au Congo muss een am historesche Kontext gesinn an deem si entstane sinn. Dat sot och schonn virun 20 Joer den Etienne Pollet, deemolegen Archivist vum Tintin Univers bei den Editions Casterman am RTL Interview:
Den Etienne Pollet iwwert den Tintin au Pays des Soviets

Eréischt mam Lotus Bleu huet den Hergé ugefaange méi aus dem Tintin ze maachen ewéi just eng Sammlung vu Klischeeën  aus senger Zäit. De Personnage ass méi mënschlech ginn, seng Aventuren hu méi Fong kritt, an déi sëllechen Niewepersonnagen ewéi d'Dupondten, de Capitaine Archibald Haddock oder de Professeur Tournesol an d'Operendiva Bianca Castafiore si lues a lues dobäi komm.

Personnagen an Aventuren déi d'Lieser vu 7 bis 77 begeeschteren, a méi ewéi een huet den Tintin als Kand kennegeléiert wéi e krank war. Esou och de Lëtzebuerger Comicsammler Charel Bauer, dee viru 6 Joer eng Ausstellung mat senge Sammlerstécker am Kader vum BD Festival zu Konter organiséiert huet...
Wéi de Charel Bauer den Tintin kennegeléiert huet

Een neien Album vum Tintin soll et bis op Weideres net ginn, och wann den Direkter vun den Editions Casterman virun 2 Deeg op France Inter nach eemol ënnerstrach huet, datt hie schonn ee fäerdege Projet huet. Mä dem Hergé seng Witfra ass nach ëmmer dogéint, si wëll säi leschte Wëlle respektéieren, datt dem Tintin seng Bande Dessinées Aventure mat him eriwwer sinn.

Dofir lieft den Tintin awer op villen anere Supporte weider, ënnert anerem mat enge sëllechen Ausstellungen, déi d'Vente vun den Tintin Bicher och nees undreiwen. All Joer ginn nach ëmmer 3-4 Milliounen Albume vum Tintin uechter d'Welt verkaf, dobäi kommen nach eng sëlleche Merchandising Artikelen, déi ëmmer nach Suen an d'Keese spillen, och wann déi lescht Aventure vum Tintin scho viru méi ewéi 30 Joer erauskomm ass. An da soll de Peter Jackson jo nach ëmmer een zweeten Tintin Film realiséieren, deen awer, nom Flop vun deem éischte Film an den USA, eréischt no 2021 kéint erauskommen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.