LCGB: Haut ass muer

10.01.2019 - 06:50

„Haut ass Muer“, sou de Slogan, dee gëschter Owend um Neijoerschpatt vum LCGB presentéiert gouf, a mat deem de chrëschtleche Gewerkschaftsbond dëst Joer och an d'Sozialwahle fir d'Salariatskummer geet. An engem struppevolle Sall mat ronn 800 Leit, sinn zu Schëffleng och e puer konkret Fuerderunge gestallt ginn.
LCBG Neijoschpatt BAND 10/01/2019 -Katarina Ivesic- 06h50

Et huet ee sech gëschter bei der Gewerkschaft och houfreg iwwert d'Zuel vun de Membere gewisen. Dem LCGB no, hätt ee méi wéi 40.000 Membere op den éischte Januar dëst Joer gezielt. D'Kandidatelëschte fir d'Sozialwahle kann een iwwerdeems op http://www.lcgb.lu kucken.