Landwirtschaft zu Lëtzebuerg: nohalteg awer produktiv

11.01.2019 - 06:50

D’Landwirtschaft muss zu Lëtzebuerg nohalteg awer och produktiv bleiwen. Do ware sech gëschter alleguerten d’Deputéiert eens, nodeems se aus der zoustänneger Landwirtschaftskommissioun erauskoumen, wou de Minister Romain Schneider, deen dee Ressort nees iwwerholl huet de Parlamentarier d’Punkten aus dem Koalitiounsaccord presentéiert huet. Grouss Kritik gouf et u sech keng. Just e puer oppe Froen.
11/01/2019 BAND Landwirtschaft Presentatioun Koalitiounsaccord 06h50 -gautier-


Wat de Glyphosat ugeet, bleift Lëtzebuerg op senger Positioun. Bis den 31 12 2020 gëtt dee Produit zu Lëtzebuerg verbueden. Dofir musse bis dohinner awer Alternativen entwéckelt ginn an op der Marché kommen.