Chamberkommissioun: Mobilitéit an Transport

10.01.2019 - 17:50

Si mécht e grousse Batz am Koalitiounsaccord aus: d'Mobilitéit. Déi nei Regierung huet sech do esou munches virgeholl, vum ëffentlechen Transport, iwwert den Ausbau vun den Infrastrukturen an den Transportzerwisser, iwwert Preventiounsmesure, fir Infraktiounen am Stroosseverkéier anzedämmen. De Muere war den Infrastrukturminister François Bausch an der Chamberkommissioun, fir do den Deputéierten d'Punkten aus dem Koalitiounsprogramm ze presentéieren. Haut an 10  Deeg wäert gesot ginn, vu wéini un's mer dann gratis kénnen Bus, Zuch an Tram fueren. An och wann de gratis ëffentlechen Transport vill Zoustëmmung kritt, d'CSV ass skeptesch bei der Ëmsetzung. Nadine Gautier.
10/01/2019 BAND Chamberkommissioun Mobilitéit Transport 17h50 -gautier-