Eng 100 Sekonne Geschicht: Mark Forster

11.01.2019 - 06:10

© Four Music Productions
De Marek Cwiertnia kritt haut 35 Joer. Muss ee wësse wien dat ass?
11/01/2019 Eng 100 Sekonne Geschicht: Mark Forster

Eigentlech schonn. Obwuel nëmmen d'Mamma de Mark Forster Marek nennt. Wéi och de Sänger kënnt den 11. Januar 1984 an der Pfalz, zu Kaiserslautern, op d'Welt, wat mat Sécherheet e Grond ass firwat de Mark Fan vum 1. FC Kaiserslautern ass. D'Mamma ass aus Polen, de Pappa aus Däitschland an et gëtt nach eng Schwëster, d'Natalie, dat virun 3 Joer e Lidd, heescht och Natalie, dediéiert krut. Ier déi grouss Zäit also Solokënschtler komm ass, huet de Mark Forster Musek an Jingele fir d'Tëlee geschriwwen. 2010 kritt Mann aus der Pfalz e Kontrakt beim Label Four Music, bekannt duerch d'Fantastischen Vier, fir dann 2 Joer méi spéit den Debutalbum Karton ze publizéieren. Den Numm Mark Forster taucht awer eréischt d'Joer drop fir d'éischte Kéier an den Top 10 vun den däitschen Charts op, beim Lidd Auf dem Weg vum Sido huet hien de Refrain gesongen. De Sido huet sech revanchéiert andeems hie bei Au Revoir vum Mark Forster matgewierkt huet, dat war déi éischt Single aus dem 2. Mark Forster-Album Bauch Und Kopf, wéi sech erausstellt war dat den Duerchbroch. 2015 gewënnt hie mam Titelsong vun dësem 2. Album de Bundesvision Song Contest a schafft beim Projet EFF mam Felix Jaehn zesummen. Album Nummer 3, Tape, kann un de Succès vum 2. uknäppen, dat duerch Lidder wéi Wir sind groß, Chöre a Kogong. De Coach vun The Voice Kids, The Voice Of Germany a Member bei Sing Meinen Song - Das Tauschkonzert huet am November d'lescht Joer säi 4. Album Liebe erausbruecht. De Mark Forster kritt haut 35 Joer.