Eng 100 Sekonne Geschicht: 112

11.02.2019 - 06:10

© pixabay.com
Haut ass den 11. Dag vum 2. Mount vum Joer. Setzt een Dag a Mount beieneen, huet een d'Zuel 112 an déi ass sou zimlech iwwerall an Europa bekannt.
11/02/2019 Eng 100 Sekonne Geschicht: 112

Wann een dës 3 Zifferen, a genee dëser Reiefolleg, a säin Telefon tippt, rifft een op den Noutruff un, hei zu Lëtzebuerg heescht deen ewell CGDIS a steet fir Corps Grand-Ducal Incendie et Secours.

Nodeems dat Europäescht Parlament de 25. September 2007  decidéiert huet datt den 11. Februar den Dag vun der Europäescher Noutruffnummer soll sinn, gouf den 11. Februar 2008 zu Stuttgart eng éischte Kéier den Dag vum 112 organiséiert, e Joer méi, also haut viru genee 10 Joer, hunn d'Europaparlament, de Rot vun der Europäescher Unioun an d'Europäesch Kommissioun festgehalen, datt den 11. Februar den Dag vum Noutruff ass.

D'Telefonsnummer, an hiren Zweck vun enger europawäiter Nummer, gëtt et awer scho méi laang. 1991 hat een d'Aféierung vum 112 als Europäesch Noutruffnummer decidéiert, wéi sech an de Joren duerno erausstelle sollt, haten net all ze vill Leit dës Initiativ matkritt, sou datt eben den Dag vun der Europäescher Noutruffnummer an d'Liewe geruff ginn ass. An der EU-Moyenne woussten zum Beispill 2008 nëmmen 22 Prozent vun engem Eurobarometer datt een den 112 net nëmmen a sengem eegene Land uruffe kann. 2013 waren et ëmmerhi 27 Prozent, am meeschte wëssen d'Leit a Pole Bescheed, 57 Prozent vun de Leit do wëssen datt et den 112 och am Ausland gëtt. A souguer an Amerika ass den 112 z'erreechen, och wann et do d'Telefonsnummer esou net gëtt, gitt dir automatesch un hiren Noutruff den 911 weidergeleet.

Bis den 1. Juli 2009 konnt een den 112 vum Handy aus souguer ouni Sim-Kaart uruffen, well dat awer vill mëssbraucht ginn ass, gouf e Gesetz gestëmmt datt dat net méi méiglech ass. Apropos Mëssbrauch, et ass kee Kavaléiersdelikt wann een op den 112 urifft an do Dommheeten erzielt; de Mëssbrauch vum Europäeschen Noutruff ass strofbar. Haut, 11. des 2., ass den Dag vum 112.