Gratis ëffentlechen Transport: eng Chance fir d'Gesellschaft nei opzestellen?

12.02.2019 - 08:50

Vu Mäerz 2020 un soll den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg gratis ginn. Eng Nouvelle, déi fir vill Opreegung a Kritik am Land gesuergt huet. De franséische Politolog, Sozio-Ökonom a Chefredakter Paul Ariès gesäit d'Aféieren vu gratis Dengschtleeschtungen awer als Méiglechkeet fir eis Gesellschaft méi nohalteg opzestellen. Schwätzt souguer vun enger "economie du bonheur", also eng Wirtschaft vum Gléck. D'Raphaëlle Dickes huet sech mam Mann ënnerhalen.
Méi gratis ubidden fir eng méi nohalteg Gesellschaft?

Wann dir Iech fir d'Thema interesséiert a mam Paul Ariès iwwer seng Thesen diskutéiere wëllt, dann notéiert Iech den Dënschdeg 19te Februar. Do hält den Auteur eng Konferenz mam Titel "La Gratuité est révolutionnaire". Detailer an d'Adress fir sech unzemellen op radio.rtl.lu
https://etika.lu/La-gratuite-est-revolutionnaire-mardi-19-fevrier-a-12h15