D'Frae sinn a bestëmmten Decisiouns-Organer besser vertrueden ewéi soss. Et géing an déi richteg Richtung, bei der Gläichberechtegung wiere grouss Progrèsen ze constatéieren, dat hunn d'Chancëgläichheetsministesch Taina Bofferding an de Wirtschaftsminister Etienne Schneider rezent annoncéiert. Si schwätze vun engem grousse Succès.