Rosamunde Pilcher: Tommy Schlesser den Owend an enger Haaptroll

10.02.2019 - 13:30

© ZDF
En Donneschdeg koum d'Nouvelle, dass déi britesch Schrëftstellerin Rosamunde Pilcher am Alter vu 94 Joer gestuerwen ass. Doropshin huet den ZDF säi Programm kuerzerhand ëmgebaut a weist den Owend ëm 20h15 e Film aus der Rei. An net iergend een: Fir déi éischte Kéier geet et bei Rosamunde Pilcher ëm Homosexuell Léift. An ee vun den Haaptacteuren ass de Lëtzebuerger Tommy Schlesser. Realiséiert gouf de Film vun engem anere Lëtzebuerger: dem Marco Serafini. D'Raphaëlle Dickes war am Summer bei den Dréiaarbechten am Cornwall dobäi
RosamundePilcher: Tommy Schlesser den Owend an enger Haaptroll

Die Braut meines Bruders kënnt den Owend um 20h15 um ZDF. Mir hunn awer och schonn exklusiv Biller fir Iech vum Tournage. Fannt Dir ënner dësem Reportage op radio.rtl.lu
http://tele.rtl.lu/emissiounen/de-magazin1/3151501.html