Rosamunde-Pilcher-Film mam Tommy Schlesser

09.02.2019 - 10:30

En Donneschdeg koum d'Nouvelle, dass déi britesch Schrëftstellerin Rosamunde Pilcher am Alter vu 94 Joer gestuerwen ass. Doropshin huet den ZDF säi Programm kuerzerhand ëmgebaut a weist den Owend ëm 20h15 e Film aus der Rei. An net iergend een: Fir déi éischte Kéier geet et bei Rosamunde Pilcher ëm Homosexuell Léift. An ee vun den Haaptacteuren ass de Lëtzebuerger Tommy Schlesser. Realiséiert gouf de Film vun engem anere Lëtzebuerger: dem Marco Serafini. D'Raphaëlle Dickes war am Summer bei den Dréiaarbechten am Cornwall dobäi
09/02/2019 RTL Weekend Rosamunde Pilcher