Chantier zu Eech: muss wierklech alles opgerappt ginn?

12.02.2019 - 06:50

Vum nächste Mount u gëtt et e Krack méi komplizéiert fir mam Auto aus der Stad eraus ze kommen. Responsabel dofir ass e Chantier ronderëm d'Eecher Plaz. D'Aarbechte vu Creos, der Post an der Stad Lëtzebuerg lafe Minimum 15 Méint, Dag a n Nuecht op Héichtouren, e Chantier vun enger zolitter Envergure, kruten d'Awunner aus dem concernéierte Quartieren an enger Info-Versammlung erkläert. E Chantier, bei deem een trotz 5 Joer plangen am viraus, net derlaanscht kéim, d'Stroossen zum Deel ze spären, heescht et vun de Responsabelen um Knuedler, eng Behaaptung mat där den Ingenieur Mathias Foehr awer guer net averstanen ass.
12/02/19 Eech Foehr Band 06H50 Kater