Zukunft vum Escher Kino Ariston

11.02.2019 - 17:10

PK Ariston Februar 19: Uso: „Den Escher Schäfferot wëll den Ariston net kafen an och net schütze loossen! Ma zanter dem 21. Januar an engem Bréif vun der Ministesch Sam Tanson ass d'Situatioun e bëssen eng aner: Mir hunn eis doriwwer Gedanke gemaach an och eng Léisung fonnt!“: Sou huet de Buergermeeschter Georges Mischo am fréien Nomëtten op der Plaz eng Pressekonferenz zum Thema Ariston opgemaach. „Mir hunn dofir eng Affectatioun, an zwar net déi, den Ariston als Kinossall z'erhalen, mä déi, dass mer wéilten eng zweet Theaterbühn fir d'Stad Esch proposéieren!“, ass de Kulturschäffe Pim Knaff weidergefuer. Dee Projet wëll d'Minettmetropol awer net eleng „schëlleren“, Eric Ewald:
11/02/2019 BAND Ariston Kino Esch 17h10 -ewald-