Expertisa

07.10.2013 - 07:20

Just 20% vun den Experten an de Medien si Fraen. Dat huet de Luxemburg Media Monitoring aus de Joren 2010-2011 erginn. Dobäi ginn et vill méi Expertinnen wéi dat, just si se wahrscheinlech manner bekannt, vläicht och e bësse méi schei wéi hir männlech Kollegen! Fir dat ze änneren huet de Cid-Femmes zesumme mam Frae Rot lescht Woch en Outil lancéiert, mam Numm Expertisa!
07/10/2013 expertisa

Et ass eng online Datebank vun Expertinnen, déi bereet sinn, an de Medien oder op Konferenzen, Formatiounen oder soss Manifestatiounen, hiert Wësse mat ze deelen. Op Expertisa.lu fënnt ee bis ewell eng 100 Dammen, agedeelt no den Themeberäicher an deene se spezialiséiert sinn. Verschidden Themeberäicher si ganz gutt ofgedeckt, an anerer bräicht een nach e bëssen Verstärkung mengt d'Christa Brömmel, Coordinatrice vum Projet

07/10/2013 Expertisa 1 Mir stelle fest gutt ekippéiert... feelen Sciences naturelles an exactes... kucken fir nach Expertinnen ze sichen. 25''

Do ka jidder Fra sech also och aschreiwen, wa se sech beruff fillt!?

Do fëllt een en online Formulaire aus, mat den Theme Gebidder wou ee sech besonnesch gutt auskennt, Diplomer déi een huet. An da ganz wichteg, ob ee léiwer just an de Print Medien virkënnt, oder awer och Tëlee oder Radio Interviewe wëll ginn, oder Konferenzen halen oder sech un alles erun traut.

Ginn et do gewësse Kriteren fir als Expertin op d'Lëscht ze kommen?

Ier de Formulaire online geet, gëtt e vun enger Kommissioun gepréift, fir d'Qualitéit vun Expertisa ze garantéieren! Domadder soll awer lo keen of geschreckt ginn! D'Erfahrung weist nämlech, d'Damme vu sech aus relativ modeste sinn, wann et ëm hir Kompetenze geet. Vu gutt 500 Fraen déi Expertisa an enger éischter Phase invitéiert hat mat ze man, hu sech der bis ewell just eng 100 reel ageschriwwen!

Ënner aneren op der Lëscht steet och d'Myriam Schmit, besonnesch Kenntnisser am Design liesen ech hei, Marketing, Communicatioun a Public Relations.

Als Communicatiouns Fra weess si wéi wichteg d'Presens vun de Fraen an de Medien ass, besonnesch als Expert.

07/10/2013 Expertisa 2 21''

Do gesäit d'Myriam Schmit Expertisa och als interessant Plattform mat Kontakter fir jonk Schülerinnen, respektiv Studentinnen, déi wëllen en anere professionelle  Wee aschloen an do eventuel bei den Expertinnen gewëssermoossen eng Mentorin kënne fannen.

2015 gëtt den nächste Medien Monitoring gemaach, unhand vun deem en éischte Bilan iwwer de Succès vun Expertisa ka gezu ginn. Respektiv ob méi ExpertInnen an de Lëtzebuerger Medien virkommen.