Scheedungsfoire zu Dortmund

13.04.2015 - 07:20

© Scheidung.de
Fir op eng Hochzäitsfoire ze goen, brauch ee kee Courage, ma bei enger Scheedungsfoire schonn. Dee Moment erkläert ee jo offiziell, jo ech hunn e perséinlechen Problem, deen ech léise muss. Mëtt Abrëll elo gëtt et an der Dortmunder Westfalenhalle déi alleréischt Scheedungsfoire an Däitschland, a wat do alles gebuede gëtt, huet d'Michèle Schons nogefrot.
13/04/2015 Scheedungsfoire Dortmund 07h20

D'Scheedungsfoire "Neustarten" an der Westfalenhalle zu Dortmund fänkt den 18ten Abrëll um hallwer 3 un. D'Party dono start méi spéit.