RTL CD-Tipp


RTL CD-Tipp: Colin Hay - Fierce Mercy

10.03.2017 - 08:11

© Compass Records
De fréiere Sänger a Gittarist vun der australescher Band "Men At Work" huet de leschte Freideg säin 13. Solo-Album "Fierce Mercy" erausbruecht.
RTL CD-Tipp: Colin Hay - Fierce Mercy

Op deem Album hëlt de Museker kee Blat virun de Mond, a seet a sengen Texter wat hie beréiert. Wat him Angscht mécht, mä och wouriwwer hie sech freet. An doduerch, well déi Texter esou perséinlech sinn, beréiert hie seng Nolauschterer och.

Direkt dat éischt Lidd um Album, "Come Tumblin' Down" invitéiert u sech beim éischten, iwwerflächlechen, Nolauschteren, mat senge Country Elementer fir mat ze danzen. Bis een dann awer beim Text erkennt, datt et u sech guer kee lëschtegt Lidd ass, mä éischter weist, datt an der Welt an där mir liewen villes net riicht leeft. Datt dat zum Deel méi liicht kléngt ewéi geduecht erkläert de Colin Hay doduerch, datt hien um Enn ëmmer ee Reim muss fannen, an hei de Kompromëss tëscht engem passende Reim an dem méi déiwe Sënn am Text eben dee wor, datt et doduerch net grad esou däischter kléngt.

De Mix um Album geet duerch déi verschiddenst Aflëss. Nieft vill Country a e bësschen Folk fënnt een och een am Lidd "Secret Love" een Hommage un de Sound vum Roy Orbison, Gene Pitney an d'Righteous Brothers.

A bei "She Was The Love of Mine" proposéiert de Colin Hay dann och een ergräifenden Hommage u seng Mamm, déi virun 3 Joer gestuerwen ass.

Den Titel vum Album ass eng Textzeil aus dem Lidd "The Last To Know", an deem et drëm geet, datt ee mam Alter ëmmer méi den Androck huet, datt d'Zäit vill méi séier vergeet.

Et ass ee gemittlechen Album, deen een a Rou kann a soll lauschteren. Bei deem een och den Texter nolauschteren, a sech net just vun de Melodie leede loossen. Bei de Bonus Tracks gëtt et d'Lidd "I'm Inside Outside In", dat och stëmmlech un d'Zäit mat "Men At Work" erënnert, an deen eenzegen Ausrutscher um Album ass "I'm Walking Here", ee Lidd dat mat de Rapper Deploi & Swift opgeholl ginn ass, an net richteg an d'Harmonie vum ganzen Album wëll era passen. Villäicht ass dat och just ee Lidd, mat deem de Colin Hay weise wëll, datt hien och mat 63 Joer nach op ass fir nei Aflëss?