RTL CD-Tipp


RTL CD-Tipp: John Mayer - The Search For Everything

21.04.2017 - 08:20

Bal keen aneren talentéierte Museker gëtt elo schonn iwwer Jore vun der Fachpress esou geschleeft wéi d'Gitarr-Wonnerkand John Mayer. Hien ass an Interviewe spontan an éierlech, hält sech gär mat Staren op a behält trotz sengem Talent ëmmer de Pop-Charme an der Musek. Alles dat a méi kéint een him op sengem neien, siwenten Album virgeheien. An awer: wie genee lauschtert erkennt och hei erëm, dass hannert dem John Mayer senger Musek ëmmer eng speziell Magie stécht.
21/04/2017 RTL CD-Tipp: John Mayer - The Search For Everything