RTL CD-Tipp


RTL CD-Tipp: R.E.M. - Automatic For The People (25th Anniversary Edition)

10.11.2017 - 08:45

© Concord Records
De 5. Oktober viru 25 Joer ass mat "Automatic For The People" deen 8. Studioalbum vun R.E.M. erauskomm. Et sollt och hiren erfollegräichsten Album ginn!
10/11/2017 RTL CD Tipp REM Automatic for the People

Dobäi huet d'Band selwer guer net dru gegleeft datt deen Album esou ee Succès kéint hunn. Well fir so wor keng typesch Hitsingle drop, et wor éischter méi ee rouegen, zum Deel melancholeschen Album, vun deem déi meescht Lidder ouni de Leadsänger an Texter Michael Stipe entstane sinn. Während engem kreativen Atelier souzen déi aner dräi Museker zesummen, an hunn de Gros vun de Lidder do zesummen ausgeschafft. De Michael Stipe krut 25 nei Lidder an den instrumental Versioune proposéiert, an huet op déi seng Texter geschriwwen. Den Text vu "Man on the Moon" ass esou guer eréischt kuerz éier d'Lidd am Studio opgeholl ginn ass, entstan.

Datt deen Album esou ee Succès ginn ass läit villäicht och dorun, datt R.E.M. genee déi richteg Dosis Nostalgie drop verschafft hunn. "Nightswimming" an "Man on the Moon", zwou Hitsinglen aus deem Album, stieche voller Kandheetserënnerungen, an "The Sidewinter Sleeps Tonight" ass een Hommage un den Hit vun den Tokens, "The Lion Sleeps Tonight", ee Lidd fir dat d'Band och d'Rechter kaf huet, a vun deem een de ganze Cover op der B-Säit vun der Single fonnt huet.

An och fir d'Lidd "Star Me Kitten" gouf et ee grousst Virbild. "I'm Not In Love" vun 10CC. D'Band huet probéiert d'Atmosphäre aus dem Gesang am Hannergrond esou ze produzéieren, ewéi 10CC dat schonn 1976 gemaach hunn. U sech sollt d'Lidd d'éischt "Hey, Love", an du "Fuck Me Kitten" heeschen, mä d'Meg Ryan, déi grad Sleepless In Seattle gedréint huet, ass bei R.E.M. an de Studio komm, fir Moien ze soen. D'Lidd huet hir gutt gefall, mä si huet d'Museker drop opmierksam gemaach, datt si als Kand nimools hätt dierfen eng Plack kafen, an där "Fuck" gesot gëtt, oder wou dat Wuert och nach um Cover géif stoen. Dorop hunn R.E.M. gelauschtert, well si esou vill Mënschen ewéi méiglech wollte mat hirer Musek erreechen, an hunn den Titel vum Lidd geännert.

Dat ass hinnen och ëmmer nees reprochéiert ginn, datt si ze kommerziell gi wieren a sech no där Decke géife strecken. Esou ass um Ufank och den Titel vum Album als Reaktioun vun där Kritik verstane ginn, mä a Wierklechkeet wor dat just de Slogan vun engem Restaurant zu Athens, an deem déi 4 Museker gär giess hunn.

"Automatic For The People" gëtt et fir d'25th Anniversary Edition an zwou Editiounen: Eng Normal Editioun mat 2 CDen, mat eng Kéier deem ganzen Album an engem Bonus Disk mat villen Demoversiounen aus der Zäit wéi deen Album entstanen ass. An dann nach als 4 Disk Editioun, am Dolby Atmos ofgemëscht, mat engem Live Album deen den 19. November 1992 beim eenzege Concert zu Athens (der Heemechtsstad vun R.E.M.) dat Joer opgeholl ginn ass, an ee Blu-Ray, op deem Videoclippen an de Pressevideo dee fir d'Sortie vum Album viru 25 Joer realiséiert ginn ass, drop sinn. Ausserdeem gëtt et nach een CD-Bichelchen vu 60 Säite mat ganz vill Fotoen aus där Zäit, déi bis elo nach net publizéiert gi sinn.