RTL CD-Tipp


RTL CD-Tipp: Seal - Standards

17.11.2017 - 08:45

© Universal Music
Nom Gregory Porter virun 3 Wochen huet elo och de Seal seng Perséinlech Klassiker aus der Museksgeschicht nei opgeholl.
17/11/2017 RTL CD-Tipp: Seal - Standards

Mä anescht ewéi beim Gregory Porter ass seng Selektioun net op Lidder vu sengem gréisste Virbild limitéiert. De Seal proposéiert ee Pot-pourri queesch duerch de Swing. Well bei him ass den Afloss vun engem Kënschtler net esou däitlech ze spieren ewéi beim Gregory Porter. De Seal huet déi Musek nei opgeholl, mat där hien opgewuess ass. An dat wor an der Rat-Pack Ära.

Et ass eng Selektioun vun enger Dose Klassiker, op englesch "Standards", dohir och den Titel vum Album. Deen hält genee dat, wat e versprécht. An u sech ass et logesch datt hien déi Lidder séngt. Well seng Stëmm ass dofir gemaach. Se passt esou perfekt bei dee Genre, datt ee sech wonnere kann, datt et bis dem Seal säin 10. Studioalbum gedauert huet, éier hie sech un déi Wierker erugetraut huet.

Datt d'Atmosphäre an deene Lidder déi hien erausgesicht huet och esou authentesch ewéi méiglech wierkt, huet de Seal deen Album net nëmmen an de Studioe vu Capitol Records opgeholl, wou och seng Idoler deemools regelméisseg doheem woren, hien huet och e puer Museker ronderëm sech versammelt, déi mat de Grousse Stars vun deemools zesumme gespillt hunn.

Den Album fänkt mat engem Lidd vum Frank Sinatra un (Luck Be A Lady) an hält och mat engem weider Lidd vun him op (It Was A Very Good Year). Do tëscht fënnt een aner Klassiker ewéi "I Put A Spell On You" oder "My Funny Valentine". Fir dem Duke Ellington säin "I'm Beginning To See The Light", dat schonn 1945 ee Succès fir d'Ella Fitzgerald wor, konnt hien op d'Ënnerstëtzung vun de Puppini Sisters zielen. A wien d'Deluxe Versioun vum Album keeft, fënnt do drop ënnert anerem och nach zwee typesch amerikanesch Chrëschtlidder: "Let It Snow, Let It Snow, Let It Snow" an "The Christmas Song (Chestnuts Roasting On An Open Fire"). Zwee Lidder, déi och vum Arrangement hir op zwou ganz verschidde Manéieren Chrëschtstëmmung opkomme loossen.

Op "Standards" passt bal alles. De Choix vun de Lidder, d'Arrangementer, d'Stëmm vum Sänger, dee weist, datt hie vill méi drop huet ewéi déi Lidder, mat deenen hien an den Hitparade vertruede wor. Just dat lescht Lidd um Album, "It Was A Very Good Year", keeft een dem Seal net méi of, wann een de Sinatra nach ëmmer am Ouer domat huet. Do feelt et beim Seal dann awer um Whisky an um Zigarettendamp an der Stëmm.