RTL CD-Tipp


RTL CD-Tipp: Midge Ure - Orchestrated

15.12.2017 - 08:45

Bei all talentéiertem Songwriter kënnt iergendwann de Punkt an der Carrière fir zeréck ze kucken an dat Geschaaftent am Réckspigel ze betruechten. De Midge Ure huet vun Ufank der 80er bis Mëtt der 90er Joren seng Spuren an der Musekgeschicht hannerlooss. Mat der LP "Orchestrated" weist hien däitlech, wéi bombastesch seng Hymnen och nach Jorzéngte méi spéit kléngen. Mir hu gelauschtert, wéi Evergreens wéi "Vienna" an "Dancing With Tears In My Eyes" mat vollem Orchester neit Liewen agehaucht kréien.
15/12/2017 CD-Tipp Midge Ure Orchestra