RTL CD-Tipp


RTL CD-Tipp: Jovanotti - Oh, Vita!

05.01.2018 - 08:40

Um Ufank vum Joer leeft et no de Feierdeeg lues un mat deenen neien Disken. Dofir gëtt et haut nach een Album vun 2017, deen Ufank Dezember erauskomm ass. Deen neie vum Jovanotti.
05/01/2018 CD-Tipp (Jovanotti - Oh, vita!)

14 Lidder proposéiert hien op deem neien Album, mat enger extrem grousser Variatioun an de Genren. Do gëtt et wéi ëmmer Lidder, an deenen hie rappt, et gëtt méi roueg Pop-, zum Deel esouguer Folk Lidder, an engem Lidd knuppt engem ee fette Beat entgéint an hie probéiert och d'Moud vum Vocoder/Autotune aus. Dat ass awer dat eenzegt Beispill vun engem Lidd um Album, op dat een hätt kënne verzichten.

Déi 14 Lidder op sengem 14. Album huet hien nees all selwer geschriwwen, dee ganzen Album ass op italienesch, produzéiert gouf den Album awer vum Rick Rubin, deem bekannten amerikanesche Produzent dee schonn den Johnny Cash, d'Red Hot Chili Peppers a virun allem d'Beastie Boys, d'Virbiller vum Jovanotti um Ufank vu senger Carrière, produzéiert huet.

"Oh, vita!" sollt fir den Jovanotti ee musikaleschen Neiufank ginn, dofir fënnt een op deem Album och méi akustesch Gittar ewéi dat soss de Fall wor. An eenzele Lidder huet een esouguer den Androck, Westcoast Rock mat italieneschen Texter ze lauschteren.

"Oh, vita!" nëmmen dorop ze reduzéieren ass awer eesäiteg. Well esou villsäiteg ewéi d'Liewen ass, dat dem Album (an där zweeter Single) den Titel ginn huet, esou villsäiteg ass och de Sound op deem neien CD. Hie seet esouguer selwer, et wier säin Album mat där meeschter Ofwiesslung.