RTL CD-Tipp


RTL CD-Tipp: Van William - Countries

12.01.2018 - 09:15

© Universal Music
Dës Woch gëtt et een Ausbléck op den Debutalbum vun engem Newcomer. "Countries" vum amerikanesche Singer/Songwriter Van William kënnt déi nächst Woch eraus.
12/01/2018 Cd vun der Woch: Van William - Countries

Dat ass awer net dee richtegen Numm vum Kënschtler, deen eigentlech Van Pierszalowski heescht. An et ass och net säi musikaleschen Debut, well hie scho mat zwee anere Projeten, Port O'Brien a Waters fläisseg ënnerwee wor. Mä déi lescht Lidder déi hie geschriwwen huet, wollten thematesch einfach net bei seng aner Band passen. Et wor méi ee grafft a perséinlecht Material dat hie verschafft huet, eng Zort Therapie, déi him gehollef huet, dat alles aus sech eraus ze bréngen.

Wien d'Musek vu Van William lauschtert, dee muss sech och op Gefiller aloossen. Well schonn eleng d'Melodien stieche voll dovun, an den Texter erkennt een, wann ee genee nolauschtert och, wéi d'Gefiller, Problemer a Suergen an deene Lidder verschafft gi sinn. Vu senger Famill, déi aus Alaska fortgeplënnert ass, wou hie bal säi ganzt Liewe laang de Summer verbruecht huet, bis bei eng Relatioun, déi no 6 Joer an d'Bréch gaangen ass, d'Geschichten déi hien a senge Lidder verschafft huet, betreffen hien direkt.

Dat kléngt awer trotzdeem net no Gesouers. Dofir ass déi agreabel a waarm Stëmm vum Museker responsabel. An datt hien net op de Problemer ronderëm knat, mä éischter eng positiv Approche am Ëmgank domat huet, a sech op dat freet, wat sech elo doraus ergëtt.

Den Debutalbum "Countries" ass d'Weiderentwécklung vun der EP déi d'lescht Joer erauskomm ass. Déi dräi Lidder vun där EP sinn och um Album nach eemol drop, completéiert mat 8 weidere Lidder. Ee Mix aus verschiddenen Aflëss, virun allem Folk, mä och Pop, Rock oder Country héiert een an deene verschiddene Lidder eraus. Ee ganz agreabele Sound, wéi och de schwedeschen Duo First Aid Kid fonnt huet. Si begleeden de Van William net nëmmen am Lidd Revolutioun, mä huelen hien am Fréijoer och mat op hir Europa Tour.