RTL CD-Tipp


RTL CD-Tipp: Camila Cabello - Camila

19.01.2018 - 08:40

© Sony Music
"Havana" wor ee vun de grousse Succèse vum leschte Joer. Virun enger Woch ass den Debutalbum vun där 20 Joer jonker kubanesch-amerikanescher Musekerin erauskomm.
19/01/2018 RTL CD-Tipp: Camila Cabello - Camila

Et gëtt natierlech schwéier, fir nom Succès vun "Havana" an de Rekorder déi d'Musekerin mat där Single opgestallt huet, dat nach ze toppen. Et soll ee sech och virun allem op een typesche Popalbum astellen, op deem déi typesch Latäinamerikanesch Elementer, déi bei Havana nach zimlech present sinn, vill manner drop ze fanne sinn.

Et gi Balladen (Something's Gonna Give) ee Lidd, an deem just mat der Gittar an e puer spezial Effekter op der Stëmm gespillt gëtt (Real Friends), oder Steeldrum déi ee klengen Jamaica Feeling opkomme léisst (Inside Out). Virun allem proposéiert d'Camila Cabello dee Genre amerikanesch Popmusek, wéi se den Ament och vun Justin Bieber an anere jonke Museker aus den USA kënnt (zum Beispill déi nei Single "Never Be The Same", déi fir eng Single zimlech däischter ausgefall ass).

Domat ass awer och kloer, datt d'Camila Cabello hir Latino Wuerzelen net voll ausspille wollt, mä éischter op der Linn vun där Musek wollt bleiwen, déi si mat der Girlgroup Fifth Harmony scho virdru gemaach huet. Iwwerraschend ass just, datt bis op Havana keng Single déi si schonn erausbruecht huet, op dem Debutalbum drop ass.

Wat awer och gutt ass: Et ass net probéiert ginn, aus dem Succès vun där enger Hitsingle Profit ze schloen, an ee ganzen Album do ronderëm ze strécken, deen eng Hitsingle no där anerer proposéiert. Do wor esouwuel d'Musekerin ewéi hir Produzente méi kéng, well si sech getraut hunn, d'Erwaardungen un deen Album net ze erfëllen, mä virun allem op déi aner Facette vun der Sängerin ze setzen. Villäicht kënne si grad mat där Approche een neien Trend setzen, dee mat der Routine an der Musek brécht, ouni dobäi alles op d'Kopp ze werfen.