RTL CD-Tipp: Justin Timberlake - Man Of The Woods
02.02.2018 - 08:40

02/02/2018 CD Tipp: Justin Timberlake - Man Of The Woods
Net nëmme vum Sound hir wollt hien eppes Neits ausprobéieren. Och mat den Texter weist hie sech vu méi enger perséinlecher Säit. D'Gebuert vu sengem Fils huet domat eppes ze dinn, no deem den Album och benannt ass. De Fils heescht "Silas", wat anscheinend esou "Of the Woods" bedeit.
Well hien esou vill verschidde Lidder op sengem neien Album huet, kann hie sech och de Luxus leeschten, fir direkt 3 Singlen eraus ze bréngen, déi ganz verschidde kléngen, an awer dee ganze Spektrum vun deem ofdecken, wat hien op deem neien Album probéiert huet. Fir näischt dem Zoufall ze iwwerloossen konnt hien och nees op d'Hëllef vun deene beschte Produzenten zielen, wéi den Neptunes, Timbaland an dem Alicia Keys.
Den Opwand huet sech gelount. "Man of the Woods" ass een Album, dee Spaass mécht. Mat senge fette Beats ëmmer weider dreift, dobäi Plaz fir eng funky Bassgittar léisst, heiansdo mat Reaggae iwwerrascht a ganz verspillt an onbefaange mat de Country Aflëss ëmgeet.