RTL CD-Tipp


RTL CD-Tipp: Neneh Cherry - Broken Politics

19.10.2018 - 08:40

© Smalltown Supersound via AWAL Recordings
Haut kënnt dee 5. Studio Album vun där schwedescher Sängerin Neneh Cherry eraus. Viru bal genee 30 Joer huet si mat hirem Debutalbum an zwou Singlen doraus d'Charts gestiermt. Mä dat ass et net wourop et fir si ukënnt.
19/10/2018 CD Tipp

Dat erkläert och, firwat an esou enger laanger Carrière "nëmmen" 5 Albummen erauskomm sinn. D'Neneh Cherry wëll mat hirer Musek eppes ausdrécken, net einfach nëmme gefälleg Popmusek maachen. An dat erkennt een och direkt, wann een an hiert neit Wierk eralauschtert. Zum Deel experimentell Téin, déi a Soundcollagen zu Lidder zesummegebastelt gi sinn, stinn am Mëttelpunkt vu "Broken Politics". A kloer Aussoen an den Texter, wéi ee sech dat beim Titel scho kann erwaarden.

An deenen zwou éischte Singlen aus dem Album, "Kong" a "Shot Gun Shack" geet et ëm Sujeten, déi leider zum Alldag gehéieren. "Kong" beschäftegt sech mat der sougenannter Flüchtlingskris an Europa, während et bei "Shot Gun Shack" ëm d'Waffegewalt geet. Interessant ass och eng vun deenen neie Singlen "Synchronised Devotion", an deem d'Neneh Cherry komplett op d'Téin vun der Batterie verzicht fir den Tempo vun deem Lidd ze setzen. Villméi gëtt hire Gesank hei vu Piano a virun allem engem Vibraphon an am Hannergrond dem Geräich vu Reen begleet. Dat ganzt Lidd wierkt ewéi eng Improvisatioun, villäicht och well d'Neneh Cherry mat Momenter no enger Melodie séngt, fir dann awer och a Rappassagen ze rëtschen, ouni datt een dobäi erkennt, datt et ee gewollten Opbau an déi Richtung géif ginn.

Et kléngt komesch, mä grad dat mécht d'Faszinatioun an d'Stäerkt vun deem Lidd aus.

Datt de Vibraphon dran ze héieren ass, ass och keen Zoufall. Den Album ass am Studio vum Karl Berger zu New York opgeholl ginn. Dee selwechte Karl Berger deen och schonn op enge sëllechen Albumme vun hirem Papp, dem Don Cherry dat Instrument gespillt huet. An hien ass och op "Synchronised Devotion" ze héieren.

Ganz dacks héiert een och, datt d'Neneh Cherry hire Recorder einfach matlafe gelooss huet, a verschidden Téin doraus a Lidder verschafft huet. An der Single "Natural Skin Deep" (wou iwwregens ee Sample aus "Growing Up" vum Ornette Coleman ze héieren ass, ee Lidd dat am Joer 1969 opgeholl ginn ass, an fir dat hire Papp och als Gaaschtmuseker ze héieren war), experimentéiert si mat de Sirenen op den amerikanesche Strossen, mat Marimba Téin, elektronesch generéierte Verzessungen, Synthesizer, Saxophon an den Troteren wéi een se an de Futtballsstadionen heiansdo héiert. An et geet ëm Kolonialisatioun, an d'Rechter déi deene Mënschen oferkannt gi sinn, déi hiert Land einfach ewech geholl kritt hunn.

Een engagéierten Album, dee vill spannend Momenter bitt, wann ee sech d'Zäit hëlt fir sech domat auserneen ze setzen. Et ass kee liichte Kascht, keng einfach Chart-Pop-Musek fir ze ënnerhalen. Mä dofir een Album, deen iwwert 12 Lidder vill Matière liwwert, mat där ee sech beschäftege kann.