RTL CD-Tipp


RTL CD-Tipp: Eagle-Eye Cherry - Streets Of You

26.10.2018 - 08:40

© PapaCherryRecords
Eng Woch no senger Schwëster Neneh bréngt den Eagle-Eye Cherry dës Woch säin neien Album eraus. Awer just digital. Wien den Album gär als CD am Grapp wëll halen, muss sech nach ee Mount gedëllegen.
26/10/2018 CD Tipp

13 Lidder sinn op deem Album drop, deen ënnert aneren Ëmstänn villäicht ni erauskomm wier. Well nach virun e puer Joer huet den Eagle-Eye Cherry sech d'Fro gestallt, ob hien iwwerhaapt nach als Museker weidermaache wëll. Am Wiessel am Business, an deem d'éischt Downloads an dunn de Streaming ëmmer méi wichteg ginn ass, huet hie sech net méi erëm fonnt. Dofir ass "Streets of You" och eréischt säi 5. Studioalbum an 21 Joer Carrière!

Hien sech laang zeréck gezunn, an aner Saache probéiert, hat nees méi Zäit fir seng Famill an Hobbien. Een neie Management huet him dunn awer erkläert, wat fir eng Chancen déi nei Technologien och fir Museker kënnen sinn. An dat, grad ewéi eng Rees op Nashville, hunn him nees Loscht gemaach et nach eemol ze probéieren. Awer d'Saach och méi lues unzegoen ewéi um Ufank vu senger Carrière. Wat mat eng Erklärung ass, firwat "Streets of You" d'éischt digital erauskënnt, och wann ee gudden Deel vum Eagle-Eye Cherry senge Fans vun der éischter Stonn wahrscheinlech grad esou Beréierungsängscht mat deenen neien Techniken hunn, a léiwer direkt eng CD kafe géifen.

13 Lidder sinn op deem neien Album drop, all d'Lidder déi och am Studio zu Stockholm opgeholl gi sinn, nodeems hien déi éischt Inspiratiounen an Demoversiounen an de Blackbird Studioen zu Nashville gesammelt an opgeholl huet. An nëmmen 10 Deeg wor alles an der Këscht, an den Eagle-Eye Cherry huet et sech net huele gelooss, fir dës Kéier mat ville Museker zesummen ze spillen. D'Resultat ass engersäits een Album, dee sech dem aktuelle Sound ugepasst huet, ouni awer dee Fonken iwwersprangen ze loossen wéi dat deemools mat "Save Tonight" de Fall wor.

Mä a Lidder ewéi "Rise Above" (ee flott Blues Stéck), "House At The End Of The Road" (Pop-Country, wéi hie säi Stil op dësem Album iwwregens beschreift) oder "Remember To Breathe" (eng Ballad am Singer/Songwriter Stil), illustréieren awer, mat wéi vill Loscht hien un deen neien Album erugaangen ass, an datt hien net drop aus war engem Trend nozelafen.