RTL CD-Tipp


RTL CD-Tipp: Herbert Grönemeyer - Tumult

09.11.2018 - 08:40

© Vertigo
Mat sengem neien Album hëlt den däitsche Museker däitlech Positioun zu deem wat den Ament an der Welt a virun allem an Däitschland geschitt. Dat huet hien an der Vergaangenheet och scho gemaach, awer nach ni esou däitlech ewéi an deene 16 Lidder op sengem neien Album.
09/11/2018 CD Tipp

Dofir och den Titel vum Album, "Tumult", dee fir all d'Onroue steet, déi d'Gesellschaft den Ament beweegen. Et ass eng nervös an onroueg Zäit, an där sech och villes verännert. A mat der Fro, wéi ee mat deene Changementer liewe wëll, beschäftegt de Grönemeyer sech op sengem 15. Album. Doduerch ass "Tumult" och bewosst méi politesch ginn. Awer net nëmmen. Déi éischt Single "Sekundenglück" huet sech mat deem méi "normalen" Thema Léift beschäftegt. Iwwert d'Gléck dat heiansdo nëmmen ee ganz kuerze Moment brauch fir sech ze manifestéieren.

Mëtt Oktober ass schonn déi zweet Single "Doppelherz/Iki Gönlüm" erauskomm, an där et ëm Heemecht geet. Wat dat fir hie bedeit, an datt sech dohannert eppes anescht verstoppt ewéi dat, wat Politiker mat engem Heimatsministerium mengen. Hie séngt an deem Lidd bewosst op däitsch an op tierkesch, an huet och ee Rapper mat tierkeschen Originen invitéiert fir bei deem Lidd dobäi ze sinn. Bei enger Liesung fir deen deemools nach an der Tierkei inhaftéierten däitsche Journalist Deniz Yücel ass hien drop opmierksam gemaach ginn, datt hie gutt tierkesch schwätzt. Kee Wonner, als Kand war et fir den haut 62 jährege Museker ganz normal am Ruhrpott mat Kanner aus der Tierkei, Griechenland a Pole gespillt, während d'Pappen zesummen an de Kuelegrouwe geschafft hunn. Esou huet hie vill iwwert hir Kultur geléiert an a sech opgeholl.

Dofir stéiert et hien och esou, datt grad an Däitschland nees esou ee grousse Rechtsruck duerch d'Gesellschaft geet, an dogéint wiert hie sech och ganz däitlech an den Texter vun de Lidder "Bist du da" oder "Fall der Fälle".

Mä trotz deem ganzen Engagement ass "Tumult" awer kee schwéieren Album. De Grönemeyer wëll weisen, datt een och Positioun kann huelen, eng Haltung kann hunn, ouni datt dat schwéierfälleg a streng ka sinn. Datt een dat och op eeng liicht a scho bal verspillt Manéier ka maachen. Dofir sinn déi 16 Lidder um Album och esou grondverschidden an hirem Stil, a bei deene meeschte Lidder fënnt een den Engagement méi tëscht den Zeilen ewéi riicht eraus. Do geet et virun allem ëm Gléck a Léift. A mat "Mein Lebensstrahlen" proposéiert de Grönemeyer eent vun deene schéinste Liebeslidder aus senger Carrière.

"Tumult" ass een engagéierten a politeschen Album, ganz kloer. Awer een, deen dat ganz staark a Wierder a Melodie faasst. Deen een an déi richteg Stëmmung versetzt, net alarméiert an awer rësselt. Ee couragéierte Schrëtt, dee Mutt mécht, datt et villäicht awer nach besser gëtt, wann ee vum Grönemeyer sengem Kaliber sech esou dofir asetzt.