RTL CD-Tipp


RTL CD-Tipp: Zaz - Effet Mirroir

16.11.2018 - 08:40

© Warner Music
4 Joer no deem leschten Album kënnt haut deen véierten Album vum Zaz eraus. Mat 15 Lidder, déi di ganz Bandbreet vun deem weisen, wat der Musekerin hir Stëmm hiergëtt.
16/11/2018 CD Tipp - Zaz

"Effet Mirroir" proposéiert ee Mix aus verschiddene Stilen. Klassesch franséisch Chanson, Lidder mat méi enger rockeger Basis, e bësschen Electro, Zouk a Slam! An d'Zaz séngt dës Kéier net nëmmen op franséisch, mä an där éischter Single "Qué vendrà" och op spuenesch. Eng Première!

Datt esou vill Lidder op dësem Album sinn läit virun allem dorun, datt d'Auteuren mat deenen d'Zaz geschafft huet, esou vill Lidder proposéiert hunn, déi si iergendwéi beréiert hunn. Richteg geplangt huet si näischt. Si huet d'Iddie spruddele gelooss, an doraus hir nei Lidder op de Pabeier bruecht. "Ma Valse", dat eenzegt Lidd dat d'Zaz komplett selwer geschriwwen a komponéiert huet, ass zum Beispill aus purem Zoufall entstan, datt et eng Valse sollt ginn war net geplangt.

"Effet Mirroir" spillt och mat de Kontraster an deene verschiddene Stiler um Album. De Mix tëscht deene verschiddene Lidder ass esou opgebaut, datt all Lidd quasi de Kontraire vun deem virdrun ass. Esou wéi am Spigel d'Bild och spigelverkéiert ass. Vertraut an awer iergendwéi anescht.

Mat 15 Lidder an enger Durée vu knapp 53 Minutten proposéiert deen neien Album ee flotte Mix ouni Längten. D'Zaz huet déi véier Joer awer net nëmmen un hirem neien Album geschafft a sech vun deene véier Joer virdrun erholl, während deene si nom Succès vun hirem Debut net zur Rou komm ass. Si huet ënnert anerem och den Album vun hirem Gittarist produzéiert, ass vill gereest an huet gemoolt. Virun allem iwwert dem Reesen sinn hir och vill Iddie komm, déi herno um Album verschafft gi sinn.

Een Album voller Liewensfreed, deen éischter e bësschen méi roueg geroden ass. Wouduerch en awer perfekt an den Hierscht passt, wou déi waarm a rau Stëmm engem och iwwert dem lauschtere Wäermt ofgëtt.