RTL CD-Tipp


RTL CD-Tipp: Michael Bublé - love

23.11.2018 - 08:40

© Warner Music
De kanadesche Sänger huet eng ganz staark Relatioun mat der Musek. Dat beweist hien och nees op sengem neien Album. Op deem hien mol eng Kéier als Titel dat an de Mëttelpunkt, wat hien thematesch a senger Musek am meeschte beschäftegt.
23/11/2018 CD Tipp - Michael Bublé

Dobäi hat et nach viru guer net esou laanger Zäit esou ausgesinn, wéi wann hie keng Musek méi wéilt maachen, datt hie sech komplett aus dem Showbusiness wéilt zeréck zéien. Dat war awer just eng Rumeur, déi op eng Ausso opgebaut huet, déi hie virun 2 Joer gemaach huet, wéi bei sengem deemools 3 Joer ale Bouf Kriibs festgestallt ginn ass. Déi Zäit hat hien aner Saachen am Kapp, a wollt virun allem fir seng Famill do sinn, an huet dowéinst vun enger Auszäit geschwat. Déi Ausso ass awer aus hirem Kontext gerappt ginn, an geholl ginn, fir op enger Newssäit vill Clicken ze generéieren. Mä ee Liewen ouni Musek, dat kann de Michael Bublé sech net virstellen.

An dofir huet hie fir deen neien Album 9 Klassiker aus der Geschicht Musek nei opgeholl, mat neien Arrangementer déi zum Deel iwwerraschen, an awer an der Logik vun den Originallidder bleiwen. Ee gutt Beispill dofir ass der Edith Piaf hiren Hit "La vie en rose", dat hien mat der Cecile McLorin Salvant zesummen opgeholl huet, oder seng Interpretatioun vu "My funny Valentine", dat och gutt an de Soundtrack vun engem Bond Film géif passen.

Aner Lidder wéi "Unforgettable" oder "When I Fall In Love" sinn esou zäitlos gehalen, datt se klénge wéi wann ee jonke Frank Sinatra oder Nat King Cole se mat moderne Moyenen nei opgeholl hätten. D'Single "Love You Anymore" ass vum Charlie Puth mat komponéiert ginn, mat enger gewësser Hitgarantie, mä dat stäerkst Stéck um Album ass "Forever Now". Ee Libeslidd dat een op déi verschiddenst Manéieren interpretéiere kann. Et ass och dat perséinlechst Stéck um Album, dat de Michael Bublé selwer mat komponéiert a getext huet. Ee Lidd an deem et fir hien ëm d'Léift geet déi een als Elteren empfënnt. An dat virun allem duerch d'Erfahrungen déi hie mat senger Famill huet misste maachen, eng ganz eegen Dimensioun um Album kritt.

11 Lidder sinn op deem neien Album drop, bei deenen d'Zäit leider vill ze séier verflitt. Et ass awer och eng Freed, dee jonke Crooner nees mat engem neien Album ze héieren, an deem hie seng Passioun fir d'Musek an d'Emotiounen déi si transportéiere kann mat sengem Publikum deelt.