RTL CD-Tipp


RTL CD-Tipp: Hooverphonic - Looking For Stars

30.11.2018 - 08:40

© Universal Music
Et ass schonn deen 10. Studioalbum fir déi belsch Grupp. An deen éischte mat hirer neier Sängerin, schonn déi 6. zanter d'Band virun 23 Joer gegrënnt ginn ass.
30/11/2018 CD Tipp - Hooverphonic

Déi nei Sängerin ass d'Luka Cruysberghs an d'Gewënnerin vun der flamännescher Editioun vun The Voice d'lescht Joer. Mat 17 Joer ass et och déi jéngst Sängerin mat där Hooverphonic een Album opgeholl hunn. Wéi jonk si ass héiert een och nach an eenzele Lidder, mä si huet trotzdeem schonn eng staark Stëmm, déi vun der Stëmmlag hir bei d'Musek vun Hooverphonic passt. A si bréngt nei Iddie mat an d'Spill. Si ass zum Beispill responsabel fir dee Mix aus zeg verschiddene Genren op "Looking For Stars".

U sech wollt den Alex Callier dëst Joer dräi verschidden Albummen ophuelen. Ee sollt no engem Morricone Soundtrack kléngen, ee méi een typeschen Triphop Album ginn, an deen drëtten ee Pop Album mat e puer Funk Elementer. D'Luka huet proposéiert net a Këschten ze denken, mä nom Prinzip vum Online Streaming, wou d'User sech éischter eng Playlist aus hire léifste Stécker zesumme setzen, amplaz ee ganzen Album ze lauschteren. An dat onofhängeg vun de Genren. Also hu si dat fir deen neien Album gemaach, mat der Stëmm vun hirer Sängerin déi dat ganzt zesummenhält. A bei verschiddene Lidder um neien Album och fläisseg mat dru geschriwwen huet.

Richteg experimentell sinn si awer och op dësem Album net méi ginn, et ass vill méi eng Sammlung vu verschiddene Lidder, déi typesch no deene verschiddenen Hooverphonic Epoque kléngen, an hir Aflëss och duerchklénge loossen.

Während déi éischt Single "Romantic" vum Sound hir no enger typescher Hooverphonic Single kléngt, ass déi nei Single "Uptight" schonn e bësschen méi funky, ouni awer der Urstruktur vum Hooverphonic Sound de Réck ze dréien. Bei Lidder wéi dem Album Opener "Lethal Skies", "Paranoid Affair" a "Concrete Skin" dominéiert méi eng melancholesch Oder, déi awer ëmmer vun enger gefälleger Melodie gedroe ginn. Witzeg an ironesch sinn Hooverphonic an den Texter vum Titelsong "Looking For Stars" an "Horrible Person" ënnerwee.

Ongewinnt däischter gëtt et bei Sleepless, wat awer eent vun deene léifste Lidder um Album fir d'Museker selwer ass. Ënnert anerem och, well si sech do erlaben mat deem ze briechen, wat haut am Showbusiness d'Norm ass, nämlech datt alles muss Happy sinn a Freed maachen. Dat Spill wëllen Hooverphonic awer nëmme bis op ee Punkt matmaachen. A bei "Feathers & Tar" liewe si hir Léift fir de Western Genre aus. Mat vill Soundgebastels, zeg verschiddenen Aflëss, déi mam Genre briechen, an et awer op de Punkt bréngen. Hooverphonic Style eben!