RTL CD-Tipp


RTL CD-Tipp: Mary Poppins Returns (Soundtrack)

14.12.2018 - 08:40

© Walt Disney Records
Dës Woch gëtt den CD-Tipp méi kitscheg. Awer mat genee där richteger Portioun Kitsch, datt et nach gutt ass. De Soundtrack vun deem neie Mary Poppins Film kann ouni Weideres mat de Museken aus aneren Disney Klassiker mathalen.
14/12/2018 CD Tipp - Mary Poppins

Et muss een de Genre gären hunn, mä wien am Disneyland net direkt fortleeft an no sengem Openthalt do duerno nach ëmmer d'Melodie summt déi en déi ganzen Zäit héieren huet, dee wäert mat dësem Soundtrack och seng Freed hunn.

"Mary Poppins Returns" ass wéi d'Original ee Musical Film, an esou kléngt logescherweis och d'Musek. A si erzielt ee groussen Deel vun der Geschicht vum Film. Wien sech also déi ganz Iwwerraschung wëll halen, waart am Beschten nach eng Woch, éier en d'Musek ganz lauschtert. Déi ganz Wierkung huet d'Musek aus "Mary Poppins Returns" awer wahrscheinlech eréischt wann een de Film och gesinn huet, a bei de Lidder d'Biller am Kapp oflafen. Just schued, datt ee sech do net konsequent war, an d'Lidder wierklech all esou der Rei no um Soundtrack proposéiert, wéi se och am Film ze héiere sinn. Hei sinn d'éischt déi gesonge Stécker drop, an da kommen déi instrumental Lidder, wou déi am Film awer all duerchernee sinn, well d'Musek de Film begleet an d'Geschicht mat erzielt. Wat duerch dës Approche leider net méi zu 100% respektéiert gëtt.

Et si lauter nei Lidder um Album, déi och net un d'Musek aus dem Original erënneren. Wat och doru läit, datt d'Emily Blunt zum Beispill an enger anerer Stëmmlag séngt ewéi d'Julie Andrews. Dofir sinn d'Lidder och all op hir Stëmm komponéiert ginn. Ouerewierm ewéi "Chim Chim Cher-ee", "Supercalifragilisticexpialidocious" oder "A Spoonful of Sugar" sinn hei leider keng dran, dat eenzegt Lidd mat Ouerwuermpotential ass "Can You Imagine That" (den Thema aus deem Lidd daucht ëmmer nees um Soundtrack op), mä dofir ass "The Place Where Lost Things Go" ee ganz staarken, emotionelle Moment, wogéint den Opener "Underneath The Lovely London Sky" schonn annoncéiert wat een déi nächst bal 80 Minutten erwaart. Och "Turning Turtle" ass flott, alléng wéinst der Prestatioun vun der Meryl Streep a bei "Nowhere To Go But Up" ass d'Angela Lansbury ze héieren, déi schonn a villen Disney Filmer matgespillt huet, an als Mrs. Potts aus dem "Beauty And The Beast" (dem Original) onvergiesslech war. An "Trip A Little Light Fantastic" erënnert am Opbau e bësschen un "Chim Chim Cher-ee".

Wien et fäerdeg bruecht huet nach e bëssche Kand ze bleiwen (wat u sech och den Thema vum Mary Poppins an ee roude Fuedem bei Disney am allgemengen ass), dee léisst sech och vun dësem Soundtrack verzauberen. Et ass flott, mécht Spaass, versetzt een nees a seng Kandheet a bréngt een och heiansdo dozou iwwert seng Roll als Erwuessenen nozedenken. Och doduerch passt dee Soundtrack gutt an d'Zäit, ouni déi typesch Chrëschtmusek ze proposéieren.