RTL CD-Tipp


RTL CD-Tipp: 2 CDen mat Chrëschtmusek - Traditionell an Ironesch

21.12.2018 - 08:40

Dës Woch ginn et zwee Albummen, déi ganz ënnerschiddlech un den Thema Musek fir Chrëschtdag eruginn. Deen een ass éischter traditionell, deen aneren proposéiert eng gutt Portioun Ironie.
21/12/2018 CD-Tipp

Fir deen traditionellen Deel ass den John Legend zoustänneg. Op sengem Album "A Legendary Christmas" huet hie 14 Klassiker aus dem amerikanesche Repertoire vu Chrëschtlidder nei opgeholl. Dobäi huet hien ënnert anerem de Stevie Wonder mat an de Studio geholl, deen am Lidd "What Christmas Means To Me" Mondharmonika spillt. Et swingt, an et soult, den John Legend geréit an all Lidd dee richtegen Toun, ouni dem Repertoire awer eppes wierklech Neits ze ginn.

Do ass dem William Shatner säin neien Album "Shatner Claus" eng ganz aner Nummer. Zesumme mat enge sëlleche Countrymuseker, mä och Rockmuseker ewéi dem Ian Anderson an dem Iggy Pop huet den Acteur dee virun allem duerch seng Roll als Captain Kirk aus Star Trek bekannt ass, och 14 Klassiker nei opgeholl. A well hie méi Acteur ewéi Sänger ass, séngt hien och net, dat iwwerléisst hien de Museker déi mat him am Studio waren. Hien ass een Acteur, an deemno schwätzt hie seng Texter, net platt, mä mat vill Asaz, an ëmmer nees enger gudder Portioun Ironie. Dobäi kënnt da wahrscheinlech och nach vill Eggnog dee während der Produktioun gedronk ginn ass, wéi schonn um Enn vum éischte Lidd "Jingle Bells" gesot gëtt. An effektiv huet een den Androck datt d'Stëmmung vu Lidd zu Lidd besser gëtt, och wa "Silent Night" mam Iggy Pop éischter roueg ass, fir dann um Enn an enger Punk-Rock Versioun vun "Jingle Bells" op een Enn ze goen. Et fält villäicht schwéier, dee ganzen Album am Stéck ze lauschteren (virun allem déi éischte Kéier), mä d'Approche vum William Shatner fir sech ze ameséieren a Spaass ze hunn stécht hunn, a méi ewéi eng Kéier kann ee gutt laachen. Wat bei Chrëschtlidder éischter sielen de Fall ass.