RTL CD-Tipp


RTL CD-Tipp: Udo Lindenberg - MTV Unplugged 2 (Live vom Atlantik)

11.01.2019 - 08:40

© Warner Music
Et kënnt net dacks fir, datt ee Museker eng zweete Kéier invitéiert gëtt fir een Unplugged Concert fir MTV ze spillen. Mä wann een op eng Carrière vu bal 50 Joer zeréckkucke kann, ass dat schonn ubruecht.
11/01/2019 CD Tipp - Lindenberg

Am Juli d'lescht Joer huet den Udo 27 Lidder aus senger Carrière zesumme mat Museker Frënn op der Bühn vun der Hamburger Kulturfabrik Kampnagel zum Beschte ginn. Mam Jan Delay, dem Andreas Bourani, dem Gentleman, Marteria, mä och dem Elbphilharmonie-Orchester, engem Duett mat der Tatort-Komissarin Maria Furtwängler an dem Schockrocker Alice Cooper.

Datt säin éischten Unplugged Album deen erfollegräichsten aus där Serie war huet sécher och gehollef, datt et eng Suite ginn ass. An dat ass gutt: Well den Udo Lindenberg weist och op dësem Disk, wat fir een engagéierte Museker hien ass, dee bei all Engagement awer och net vergësst sech ze ameséieren a mat Frënn zesummen ze feieren. Dee seng Musek lieft, an och op  seng Gäscht ageet. An Interessant ass och, datt vill vu senge Lidder zwar schonn eng Partie Joren um Bockel hunn, mä a Punkto Aktualitéit näischt verluer hunn. Just d'Arrangementer sinn ugepasst ginn a passe besser an eis Zäit. D'Texter passe vu sech aus (a verschiddene Fäll leider) nach ëmmer perfekt.

Esou datt een zougi muss, datt den Udo Lindenberg alles richteg gemaach huet: Méi al Lidder, déi net esou bekannt sinn ewéi seng grouss Succèsen nach eemol Unplugged ophuelen, an se esou zeréck an d'Aktualitéit huelen. An domat weisen, wat hien nieft sengen Hits nach alles drop huet, a wat fir ee gudde Museker hien ass. Hie seet wat en denkt, mécht Musek, ënnerhält, mä hie mécht och Politik a léisst sech de Mond net verbidden. Et ass een Unikum, deen an deene leschte Jore grad duerch seng zwee Unplugged Album ville Mënschen nach méi sympathesch ginn ass.

An et gëtt dem Udo Lindenberg säin zweeten Unplugged an alle méigleche Formater: Als Duebel CD, 4 LPen, DVD, Blu-Ray, an natierlech och am Streaming oder Download.