RTL CD-Tipp


RTL CD-Tipp: Weezer - Weezer (Teal Album)

01.02.2019 - 08:40

© Atlantic Records
Déi amerikanesch Rockband huet ganz iwwerraschend een neien Album erausbruecht, op deem lauter Coverversiounen drop sinn. An dat zwee Méint éier hiren neien Album mat eegene Stécker erauskënnt.
01/02/2019 CD Tipp - Weezer

Domat hat kee gerechent, den "Teal" Album ass och net grouss annoncéiert ginn, mä war op eemol do. Op d'mannst digital kann een deen Album elo kafen, wien e gär als CD hätt, muss bis de Mäerz waarden. Do géif d'CD dann eng Woch virun deem wierklechen neie Weezer Album, dem Black Album erauskommen.

10 Lidder hu Weezer gecovert, virun allem 80er, mä och Klassiker vum Ben E. King, den Turtles, Black Sabbath an esouguer "No Scrubs" vun TLC.

Ugefaangen huet alles aus engem Gag eraus, dee vun de Fans online lancéiert ginn ass. Do si Weezer virun eppes méi ewéi engem Joer opgefuerdert ginn, dach mol eng Coverversioun vun "Africa" vun Toto ze spillen. Aus Jux hu si dunn mol d'éischt Rosanna, een anert Toto Lidd, erausbruecht. Am Mee d'lescht Joer hu si dunn och "Africa" als Single erausbruecht, déi och prompt an d'Charts komm ass (an den amerikaneschen Alternative Charts esouguer bis op déi éischt Plaz).

Dat besonnescht un deem Album ass, datt d'Coverversioune vu Weezer mat Momenter ganz no um Original dru sinn. Bei "Take On Me" zum Beispill huet een den Androck wéi wann de Morton Harket do géif sangen, a bei "Sweet Dreams" ass d'Stëmm och no um Annie Lennox drun. Mä wann ee genee nolauschtert héiert een, datt et net d'Originalstëmme sinn, déi do ze héiere sinn, mä datt Weezer ganz no un d'Original erugaange sinn, fir dann awer der Coverversioun hiren eegene Stempel opzedrécken. Ee gudde Mix aus Hommage a Parodie deen d'Rocker do proposéieren.

Et mécht Spaass deen Album ze lauschteren, ouni datt een dat doudeescht muss huelen. Wuel rockeg, awer bei wäitem net esou hefteg ewéi een dat vun der Band gewinnt ass.