RTL CD-Tipp: Stefan Waggershausen - Aus der Zeit gefallen
08.02.2019 - 08:40

08/02/2019 CD Tipp
Et ass deen éischte perséinlechen Album vum Museker an 9 Joer, a säi 15. Studioalbum. Den Album ass och fräi vun all Form vun Drock vun enger Plackefirma oder engem Succès an den Charts. Déi grouss Zäit hat hie virun allem an den 1980er, mä och duerno huet hien ëmmer weider Musek gemaach. Seng eege Placken oder Projeten wéi Musek ronderëm d'Figuren aus den Ice Age Filmer mat den däitsche Synchronstëmmen. Do virdrun war hien och als Presentateur fir däitsch Radiostatioune geschafft, de Frank Elstner huet hien an der Zäit esouguer gefrot op hien et wéilt op Lëtzebuerg bei den däitschen RTL kommen. Mä dat war zu engem Zäitpunkt, wéi dem Waggershausen seng Decisioun scho gefall war, sech voll a Ganz op seng Musekskarriäre ze konzentréieren.
Jo, dee ganzen Album ass duerch seng Rou e bësschen Monoton, an gängegste kléngen d'Stécker Sonntagskind (wat och d'Radiosingle vum Album ass, an dat mat 3 Minutten an 10 Sekonnen dat kierzt Lidd um Album ass, an "Du das wär nur heut Nacht", dat un déi al Stécker vum Museker erënnert). Hien huet awer och Hommagen un aner Museker um Album drop, wat direkt mam Lidd iwwert den Hank Williams opfält. An direkt mat deenen zwee éischte Lidder setzt hien och d'Akzenter déi kloer Soen a wéi eng Richtung et geet: "Die Drinks sind getrunken" an "Ich kenn mich aus mit dem Blues" liewen duerch hir Authentizitéit. Mat "Der Rock'n'Roll ruft seine Kinder heim" huet hien och ee Lidd drop, dat hie geschriwwen huet, wéi hien d'Nouvelle vum Doud vum Amy Winehouse héieren huet.
Virun allem ass "Aus der Zeit gefallen" een Album, bei deem een am All Lidd d'Loscht vum Museker héiert, op seng Manéier seng Geschichten ze erzielen. Fräi. Esou wéi hie sech dat virstellt. Ouni Kompromësser. Den Album ass iwwregens um Label vu sengem Fils Marlon erauskomm, wat och nach eng Kéier d'Fräiheet ënnersträicht vun där hie profitéiert. An och wann de Sound vum Album éischter roueg, mat Momenter esouguer traureg ass, ginn et awer och e puer Lidder an deenen an den Texter e puer optimistesch Momenter dra stiechen. Hie gesäit sech och als eng Zort Musek-Realisateur, dee mat der Hëllef vun deenen verschiddenen, typeschen Instrumenter fir dee Genre, aus senge Lidder eng Zort Musek-Kino an d'Zeen se tze wëll.
Et ass keen Album fir niewelaanscht ze lauschteren. Esou wéi de Stefan Waggershausen sech Zäit léisst fir seng Geschichten ze erzielen, soll ee sech déi Zäit och huelen wann een se lauschtert. Nëmmen da kann deen Album seng Kraaft wierklech entfalen.