Et heescht ee gudde Cover wier dee gréissten Hommage deen een engem Lidd kéint maachen.
Den Ament sinn d'American Authors iwwerall op der Welt amgaang d'Hitparaden ze stiermen. "Best Day Of My Life" leeft op de Radioen a verkeeft sech ganz gutt.
Et gi renomméiert Gruppen, déi maachen een Album mat 10 Lidder. An et gëtt Newcomer, déi wëlle weisen, wat si an der Panz hunn, a proposéieren een éischten Album mat 15 Lidder! De Bo Saris aus Holland ass esou een Newcomer.
An engem Mount fänkt d'Futtball-Weltmeeschterschaft a Brasilien un. Fir dat grouss ze feieren, gëtt et och den offizielle Soundtrack fir dat Evenement ze begleeden.
Wann ee Mando Diao am Virfeld gefrot huet, op hiren neien Album nees deen typesche Mando Diao Sound wäert hunn, koum als Äntwert: "Et gëtt keen typesche Mando Diao Sound!" Mat all Album wëll déi schwedesch Band sech weider entwéckelen, an no neien Téin sichen. Wat si op "Aelita" och nees gemaach hunn.
Ee Sound voller Funk, eng Stëmm voller Soul, mat deenen Elementer presentéiert den Eli "Paperboy" Reed sech och nees op sengem neien Album.
No enger däischterer Phase ass de jonken amerikaneschen Singer-Songwriter mat sengem 4. Album zréck an Eent ass sécher: California mécht gutt Musek!
Hien ass jonk, hien ass wëll... hien ass hallef Schott, hallef Italiener, seng männlech Stëmm léisst kee kal, de Paolo Nutini ass no 5 Joer endlech mat engem neien Studio Album "Caustic Love" endlech zréck !
De jonken amerikanesche Singer-Songwriter presentéiert säin éischte richtegen Album, nodeems hien iwwer déi lescht Jore vu Leit wéi Pharrell Williams a Wyclef Jean op déi grouss Carrière virbereed gouf. Elo muss sech weisen, ob seng Mëschung aus Pop, Soul an esouguer Reggae hir Friichten dréit. Mir hunn d'LP ënner d'Lupp geholl.
Eng Gittar a seng Stëmm. Méi brauch de Milow net fir ee mat senge Lidder ze fänken. Déi Lagerfeierromantik fënnt een och nees op sengem neien Album "Silver Linings".
Virun zimlech genee engem Joer huet déi amerikanesch Rockgrupp "My Chemical Romance" annoncéiert, datt si sech opléise géif. A fir elo een definitive Schlussstréch ënnert dat Kapitel ze zéien, kënnt ee Best of op CD an DVD eraus, deen esou komplett ass ewéi et nëmme geet.
Den RTL CD-Tipp vun dëser Woch ass u sech schonn am Januar 2013 erauskomm, kënnt awer elo nach eemol mat engem Bonus CD eraus, mat éischte Live Extraiten vun der aktueller Tour (dem Concert zu Hamburg am Stadtpark), déi am Mee weider geet.
Et ass alles anescht komm ewéi geplangt. Mä um Enn huet et een typescht amerikanescht Happy End.
Een Amerikaner, een Englänner an een Italiener begéine sech an Däitschland a maachen elo zesumme Musek. Esou kann een d'Origine vun der Band "Mighty Oaks" resumméieren.
Deen New Yorker Duo ass duerch d'Ballade "Say Something" weltwäit bekannt ginn. D'Christina Aguilera huet si entdeckt an iwwert hir Roll als Jurysmember an der amerikanescher Versioun vun The Voice fir een Duett invitéiert. Mam Resultat, datt d'Lidd an d'Charts katapultéiert ginn ass.
Deen neien Album vum Beatrice Martin hirem Projet Coeur de Pirate ass op englesch a proposéiert net een neit Stéck!
Wéi kléngen "Wir sind Helden" ouni d'Jongen? Ëmmer nach no Helden! Den Afloss vun der Sängerin Judith Holofernes ass bei där Band esou staark, datt een och op hirem Soloalbum net dolaanscht kënnt, si mat hirer Bandvergaangenheet ze vergläichen.
Dës Woch geet et an Australien. Vun do kënnt den John Butler Trio, a Flesh & Blood ass dee sechste Studioalbum vun där Band. Een Album deen op Continuitéit opbaut, ouni dobäi esou revolutionär wëllen ze kléngen ewéi de Virgänger.
13 Lidder déi Äert Liewe verännere kënnen, versprécht den Text um Flyer dee Reklamm fir deen neien Album vun der Stëmmungskanoun Fausti mécht.
Viru 25 Joer ass den Album "The Living Years" vu Mike And The Mecanics" erauskomm. Dee kënnt elo an enger Anniversary Edition nei eraus, nieft engem Best of, op deem all d'Singles vun 1985 bis 2014 drop sinn.