Pollendéngscht vum Freiden 20sten Abrëll

20.04.2018 - 13:03

D'Konzentratiounen vun Birken- an Eschepollen an der Loft bleiwe ganz héich. Déi vun den Eechen war de moien scho mëttelméisseg héich. Déi Leit, déi op dës Pollen allergesch reagéieren, sollten net vergiessen hir Medikamenter an ze huelen. D'Pollen vun Bichen a Grieser fléien och schonn an der Loft, mee et sinn der nach net genuch do fir d'Allergien auszeléisen.