Pollendéngscht vum 25sten Abrëll 2018

25.04.2018 - 13:03

De Pollendéngscht vum Gesondheetsministère informéiert D'Konzentratiounen vun Bierken-, Bichen- an vun den Eechepollen an der Loft bleiwen  héich. Déi Leit, déi op dës Pollen allergesch reagéieren, sollten net vergiessen hir Medikamenter an ze huelen. Vereenzelt Pollen vun Grieser fléien och schonn an der Loft, mee et sinn der nach net genuch fir d'Allergien auszeléisen.