RTL Service

25.05.2018 - 13:03

Eng Matdeelung fir de Public vum Gala des étoiles den dëse Samschdeg a Sonndeg am groussen Theater an der Stad ass: Well dëse Weekend ronderëm de groussen Theater geschafft gëtt, an och de Parking Schuman ausnamsweis zou ass, sollen d'Leit déi keng Parkplaz um Glacis fannen, e Samschden de Parking "Porte de l'Europe" bei der Philharmonie notzen. Vun do aus ginn et speziell Navetten, déi d'Spectateuren vum Gala des étoiles bei den neien Theater bréngen an se duerno nees bei de Parking féieren. Aus dem Grond ass de Parking "Porte de l'Europe" dëse Samschdeg ausnamsweis vun hallwer 7 Owes bis 01h00 an der Nuecht op. Dat gëllt awer just fir e Samschden den Owend, fir déi Leit déi Sonndes an de groussen Theater ginn, missten et genuch Parkplazen um Glacis ginn. Opgepasst, de Parking Glacis ass just vun der Avenue de la Faïencerie aus accessibel, et soll een och genuch Zäit aplange, fir eng Parkplaz ze fannen! Weider Informatioune ginn et um Internetsite vun de Stater Theateren: www.theatres.lu (theatres mat "s" geschriwwen)