RTL-Weekend mam Christiane Kremer a Mike FandelTour de France, Diables rouges, en Automusée an der Camargue, Sicario a Glace

Ëmmer samschdes vun 10 bis 12 Auer eng Ronn, mat Kachen, Kino, Auto, villen Invitéen an aktuellen Themen.

E Sportsevenement léist dat anert of-- d'Futtballweltmeeschterschaft a Russland steiert esou lues op hiren Héichpunkt lass, eis belsch a franséisch Nopere feieren. Wéi geet et engem Belsch um Dag no der Victoire géint Brasilien?

A Frankräich preparéiert sech alles op den Tour de France zu Noirmoutier-en-l'île an der Vendée, do wou de Bob Jungels am rout-wäiss-bloen Maillot un den Depart geet. Mir maachen de Point e puer Stonnen ier et lass geet... a kucken awer och an d'Geschicht vun der Grande Boucle an op den eenzege Portugis, dee bis haut de Maillot Jaune gedroen huet: iwwer den Acacio da Silva koum elo e Buch eraus.

Och mam Automag bleiwe mer a Frankräich a hinn an en Autosmusée an d'Camargue. De Film vun der Woch heescht "Sicario -Day of the soldado" an et gëtt Glace... an der RTL-Weekend-Ronn e Samschdeg tëscht 10 an 12.

D'RTL Weekend-Ronn nach eemol lauschteren



D'Weekend-Ronn um Samschdeg de Moien ... all Samschdeg tëscht 10 an 12 Auer op Radio Lëtzebuerg an am Video-Stream op RTL.lu, wou et duerno och de Replay gëtt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.