Serie: Déi "nei" Memberen an der Regierung

10.12.2013 - 08:40

© SIP/Nicolas Bouvy
Haut: Francine Closener
minister 10/12/2013

An dëser Woch gëtt e bëssen iwwert d' "Senkrechtstarter" an der neier Regierung gekuckt, also iwwer déi 4 Memberen vun der Regierung Bettel, déi direkt Minister oder Staatssekretär gi sinn, ouni dass si virdrun Deputéiert waren.

An déi awer mat an de Wahle waren. Dowéinst schwätze mer och net vum Finanzminister Pierre Cramegna, mä nom Carole Dieschbourg gëschter haut iwwert d'Francine Closener.

Déi jo fir eis keng Onbekannt ass...

Nee sécher net d'Francine Closener war no hirem Studium zu Bréissel laang Joeren als Journalistin hei bei RTL. Fir d'éischt um Radio an duerno ass d'Mamm vun zwee Kanner bei d'Tëlee gewiesselt. Hire Choix sech grad elo politesch z'engagéieren koum och net vun Ongeféier, mä hat direkt eppes mat der politescher Aktualitéit aus de Méint virun den Neiwahlen ze dinn. D'Francine Closener, Mamm vun zwee Kanner, huet sech dunn decidéiert als ee vun 3 RTL-Journalisten bei der LSAP ze kandidéieren, wou si 3450 perséinlech Stëmme kritt huet an op déi 5. vun 21 Plazen op der Zentrumslëscht vun de Sozialiste komm ass, also net direkt an d'Chamber gewielt ginn ass, awer berechtegt Chance gehat hätt fir nozeréckelen, och wann d'Francine Closener elo net Staatssekretärin gi wier, well op mannst hei bei eis hätt si kee politesche Journalismus méi kënne maachen.

An d'Francine Closener huet sech bei hirer journalistescher Aarbecht virun allem awer mat der nationaler Poltik beschäftegt...

A genee dora gesäi si och hir "politesch Erfahrung"

Obschonns et, mengen ech emol zwou komplett verschidde Welte sinn, engem de Micro dohinner ze halen oder en dohinner gehalen ze kréien...

D'Francine Closener ass elo net Ministesch ginn, mä Staatssekretärin!

An do zoustänneg fir Economie, d'Sécurité interieure an och d'Défense, an och d'Francine Closener ass de Leit op der Strooss e Begrëff:

D'Francine Closener ass de Leit also e Begrëff a wat si politesch alles drop, dat muss si genee ewéi déi aner Regierungsmemberen ouni politesch Erfahrung op nationalem Niveau dann nach beweisen.

Muer fiers du viru mat dëser Serie, wien ass dann drun?

E Mann, dee schonn eng länger politesch Erfahrung opweises huet, awer och ni an der Chamber souz éier e Minister gouf. Moar kucke wat d'Leit vum Dan Kersch wëssen...