Radio Sport-Club vum 10. NovemberKimberly Nelting bréngt Lëtzebuerg op d'Karate-Weltkaart

Virun zwou Wochen ass d'Kimberly Nelting op Teneriffa Karate-Weltmeeschterin bei de Juniorinnen an der Kategorie bis 59 Kilo ginn.

Radio Sport-Club: Kimberly Nelting (10.11.2017)
Sport total mat eisem sportlechen Invité vun der Woch.
Resumé Radio Sport-Club Kimberly Nelting / Rep. F. Hippert



Nieft dem Karate, huet déi 17 Joer jonk 3ième Schülerin aus dem Kolléisch op där WM, och mat hirer mentaler Stäerkt, beandrockt. Wéi se déi Victoire erlieft huet a wat se nach alles wëlles huet, huet eis d'Kimberly Nelting um 13.30 Auer am Radio Sportclub gezielt.

Natierlech huet sech esou munches zanter dem 27. Oktober am Liewe vun der Junior-Weltmeeschterin gedoen. Virun allem ass Lëtzebuerg nach méi op der Karate-Weltkaart vertrueden. Lëtzebuerg gëtt elo als Géigner gesinn, de Grand-Duché steet fir d'Éischt un der Spëtzt an och d'Arbittere kucken elo méi op Lëtzebuerg, sou d'Kimberly Nelting.

Nieft dem Talent, weess déi 17 Joer al Karateka awer och schonn an hirem jonken Alter, wei wichteg de mentalen Aspekt beim Héichleeschtungssport ass. D'Kimberly Nelting huet sech spezifesch doropper fokusséiert an d'Lëtzebuergerin trainéiert dat dann och mat hirer Mentaltrainerin.

Vill Kraaft kritt d'Kimberly Nelting och vun hirer Famill.

E grousse Moment fir d'Schülerin vun enger 3ième G, war wéi op der WM op Teneriffa d'Lëtzebuerger Nationalhymn gespillt gouf.

D'Kimberly Nelting huet d'Potenzial, eng Kéier eng ganz grouss an hirer Sportaart ze ginn. D'nächst Joer steet elo emol fir d'Nummer 1 an der Weltranglëscht an hirer Kategorie, d'Jugendeuropameeschterschaft am Februar zu Sotchi a Russland an wann et normal geet, stinn d'Olympesch Jugendspiller am Oktober zu Buenos Aires an Argentinien um Programm.

De Radio Sport-Club: Kimberly Nelting



Radio-Sport-Club: freides vun 13h30 bis 14h00 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu. Duerno am Replay op RTL.lu (Video an Audio).




Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.