Radio Sport-Club vum 19. JanuarAndré Hoffmann - President COSL

De President vum Lëtzebuerger Olympesche Comité André Hoffmann ass dës Woch am Radio Sport Club.

Radio Sport-Club: André Hoffmann, President vum COSL (19.01.2018)
Sport total mat eisem sportlechen Invité vun der Woch.

Um Freideg de Moie gouf de Luxembourg Institut of High Performance in Sports. Den LIHPS kann een och nach als Lëtzebuerger Olympiastützpunkt gesinn, wou d'Spëtzenathlete geziilt ënnerstëtz ginn.

Un der Spëtzt vum Verwaltungsrot  steet de COSL-President André Hoffmann. Coordinateur vum LIHPS ass de fréiere Schwëmmer Laurent Carnol. Fir de Frais de Fonctionnement si fir dëst Joer 400.000 Euro virgesinn, déi vum Staat iwwerholl ginn.

Mam André Hoffmann hu mer iwwer dëse geschwat, awer och iwwert déi nächst Olympesch Wanterspiller, déi den 9. Februar a Südkorea ufänken, a wou de Grand-Duché mam Schifuerer Mathieu Osch vertrueden ass.

Radio Sport-Club: André Hoffmann



Virschau Radio Sport-Club / Reportage Franky Hippert



Radio-Sport-Club: freides vun 13h30 bis 14h00 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu. Duerno am Replay op RTL.lu (Video an Audio).


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.