Radio Sport-Club vum 23. FebruarManuel Cardoni

Vun der nächster Woch u schafft de Manuel Cardoni haaptberufflech fir d'FLF - e Freideg war hien eisen Invité am Radio Sport-Club.

Radio - Sport Club: mam Manuel Cardoni (23.02.2018)
Sport total mat eisem sportlechen Invité vun der Woch, deen elo bei der FLF ufänkt.
Resumé Radio Sport-Club / Reportage Franky Hippert



Den nächsten Donneschdeg fänkt de fréiere Futtball-Profi Manuel Cardoni un, haaptberufflech bei der Lëtzebuerger Futtballfederatioun ze schaffen.

Bis elo huet de Manuel Cardoni d'U19 an d'U21 nieweberufflech trainéiert. Déi zwou Equipe behält hien och elo nach. Do dernieft kommen awer nach aner Aufgaben op hien duer. Ënnert anerem fir déi jonk Lëtzebuerger Spiller, déi am Ausland sinn, besser ze encadréieren, virun allem wann se de Sprong an de Profisberäich net packen.

Déi jonk Spiller, déi an der Futtballschoul sinn, spillen och nach an hire Veräiner hei zu Lëtzebuerg. Fir awer am Niveau erop ze kommen, musse se dem Manuel Cardoni no och regelméisseg géint auslännesch Ekippe spillen.

De Manuel Cardoni gouf am Sport-Club och op méiglech Collaboratiounen tëscht der Futtballschoul zu Monnerech an auslännesche Veräiner ugeschwat. Hei huet hien eng ganz kloer Meenung. De Manuel Cardoni ass dovunner net iwwerzeegt. Fir hie mussen d'Spiller sech um Terrain esou weisen, datt se fir anerer Veräiner interessant ginn.

Radio Sport-Club mam Manuel Cardoni



Radio-Sport-Club: freides vun 13h30 bis 14h00 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu. Duerno am Replay op RTL.lu (Video an Audio).


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.