Radio Sport-Club vum 30. MäerzAleksandre Karapetian wëll de Championstitel gewannen

E Samschdeg ass am Lëtzebuerger Footballchampionnat de Spëtzematch tëscht dem Tabellenzweeten Nidderkuer an dem Leader Diddeleng.

Radio - Sport Club: Aleksandre Karapetian (30.03.2018)
Sport total mat eisem sportlechen Invité vun der Woch.
Déi zwou Ekippe si punktgläich, den F91 huet just ee Gol méi geschoss. Den Aleksandre Karapetian war 3 Saisonen zu Diddeleng, spillt awer zanter dem leschte Juni fir de Progrès. An den 11 Championnats-Matcher, déi de fréieren armeneschen Nationalspiller dës Saison fir déi Nidderkuerer gespillt huet, huet de Stiermer 18 Mol getraff.

Aleksandre Karapetian wëll de Championstitel gewannen (30.03.2018)
E Samschdeg ass am Lëtzebuerger Footballchampionnat de Spëtzematch tëscht dem Tabellenzweeten Nidderkuer an dem Leader Diddeleng.

Momentan stinn Diddeleng an Nidderkuer mat 41 Punkten an der Tabelle ganz vir, an der Hironn haten déi Diddelenger doheem mat 3-2 gewonnen, dës Kéier wëllen déi Nidderkuerer dat awer änneren.

Dem Aleksandre Karapetian säin éischte Veräin hei zu Lëtzebuerg war den F91 Diddeleng, weider Statioune goufen et nach zu Maacher a Rouspert, éier hien de Wee bei de Progrès fonnt huet. Momentan sinn duerch seng gutt Prestatiounen och erëm auslännesch Clibb op hien opmierksam ginn.

E Samschdeg um 16.00 Auer geet et ëm d'Leaderpostioun an der Tabell, den 30 Joer ale Stiermer ass dovun iwwerzeegt, datt muer de Championnat nach net entscheet gëtt. No deem vun e Samschdeg stinn nach 8 Spilldeeg um Programm, wou de Progrès ënnert anerem nach d'Jeunesse an déi Diddelenger d'Fola an Déifferdeng als Géigner hunn.

De Match kënnt Dir e Samschdeg vu 16.00 Auer u live um Radio, am Livestream an am Liveticker op RTL.lu suivéieren.

Radio - Sport Club: Aleksandre Karapetian



Radio-Sport-Club: freides vun 13h30 bis 14h00 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu. Duerno am Replay op RTL.lu (Video an Audio).



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.